Kommt op Esch fir “Brèves [re]trouvailles”

De Verlag Kremart Edition ass frou, Iech op eng ëffentlech Buchpresentatioun z’invitéieren:

“Brèves [re]trouvailles” de Samschdeg, 17. Juni um 15 Auer zu Esch an der Kulturfabrik

Am Kader vum lokale Maart “Lët’z Go Local” zu Esch an der Kulturfabrik stelle mir dat neit Buch vum Laurence Klopp vir. Um 15 Auer sinn d’Autorin an d’Illustratorin Diane Jodes um Stand vu Kremart. No “La dame à la mise en plis mauve”, dat de Prix spécial du Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis 2014 krut, ass dat hei deen zweete Recueil vu fantastesche Kuerzgeschichten op Franséisch vum Laurence Klopp. Op en Neits immens flott illustréiert! Ëm de Layout huet sech den Tom Schartz gekëmmert. Mir géifen eis freeën, Iech zu Esch begréissen ze kënnen!

books_laurence_klopp

Après le succès de son premier ouvrage en 2014, l’auteure de “La dame à la mise en plis mauve” (Prix spécial du Jury du Lëtzebuerger Buchpräis 2014) récidive et nous emmène à nouveau dans son univers farfelu, pour nous présenter ses personnages touchants et nous raconter leurs histoires phantastiques. Partez “à la recherche de la disparue”, faites connaissance du “laveur de vitres”, préparez-vous à une “rencontre printanière” avec “l’inconnue qui ne voulait pas s’en aller” et soyez sûrs que “l’espoir meurt en dernier”. Les cinq nouvelles sont annoblies par les illustrations extravagantes de Diane Jodes. La présentation aura lieu en présence de l’auteure et de l’artiste.

LGL_kufa_banner_facebook_event
cover-breves_retrouvailles

 

“Brèves (re)trouvailles”
Texte: Laurence Klopp
Illustrations: Diane Jodes
Graphisme: Tom Schartz
ISBN 978-99959-39-37-3
96 pages, Prix: 17,89 €

 

 

 

Mir sinn de ganze Weekend zu Esch an der Kulturfabrik – mat all eise Bicher!
Kommt laanscht!

LGL_kufa_flyer_03 LGL_kufa_flyer_01

Ma domat net genuch:
Smart-Bicher 18, 19, 20 en Dënschdeg, 20. Juni um 19.30 Auer zu Miersch am CNL

Kuerz virun Nationalfeierdag feiere mir am Centre national de Littérature zu Miersch den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart by Kremart Edition”. D’Bichelcher 18, 19 an 20 sinn de Point final vun der klenger Rei, vun där ewell iwwer 18.000 Exemplairë verkaaft goufen. Freet Iech op:

SMART 18: “Fuck” – D’Gintare Parulyte erzielt an enger ganz direkter Sprooch vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra. ISBN 978-99959-39-18-2, 36 Säiten, 2,99 Euro

SMART 19: “Tunnel of Love” – D’Jackie Messerich féiert de Lieser mat engem zerrapptenen Ziedel aus dem TGV op méiglech an onméiglech Libesweeër zu Paräis. ISBN 978-99959-39-19-9, 36 Säiten, 2,99 Euro

SMART 20: “Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?” – De Jean-Paul Maes versetzt eis an d’Haut vun engem Mann am beschten Alter, deen an d’Schweesse kënnt. ISBN 978-99959-39-20-5, 36 Säiten, 2,99 Euro

“Mir maachen der 20!” Dee Saz stoung 2013 op eemol am Raum, nodeems d’Serie SMART am du fuschneie Verlag Kremart gebuer war a déi éischt véier faarweg Kuerzgeschichte publizéiert waren, nom Motto: “kleng, präiswäert, liicht an op Lëtzebuergesch”. 20 – dat war grouss gesi fir déi kleng Bicher … a fir dee klenge Verlag. Lo si mer knapps véier Joer méi spéit a mir si bei 20 ukomm! An natierlech stelle mer déi lescht dräi Bicher och den 20. vir:

Rendez-vous also den Dënschdeg, 20. Juni 2017 um 19h30 am Centre National de Littérature am Servais-Haus zu Miersch, wann et heescht: “Fuck, Love & Bertemes”. Introduktioun vum Claude D. Conter. Musikaleschen Interlude vum André Mergenthaler. Den Entrée ass fräi.