Mir sinn um Salon TOP KIDS & TOP BABY!

De Samschdeg, 4. a Sonndeg 5. November verwandelt sech d’Luxexpo THE BOX an en Eldorado fir Kanner, Bëbeeën … an Elteren!

Vun 10 bis 18 Auer gëtt et alles, wat Kanner wëllen an Eltere brauchen.

KREMART EDITION ass och do, am Coin des créateurs: Wann Dir also Loscht hutt, eis Nouveautéite kennen ze léieren (oder ze kafen), da kommt laanscht … et gëtt vill ze kucken, mir hu vill ze weisen … Bicher fir ganz kleng Kanner a Bicher fir méi grouss Kanner >> eis Kannerbicher!

Weider Infoen op www.topkids.lu an op www.topbaby.lu.

Entrée: Kanner a Jugendlecher vun 2 bis 16 Joer 5 Euro, Erwuessener 8 Euro. Dofir gëtt et awer och vill ze entdecken an ze erliewen!

Mir freeën eis op Iech 🙂