“Trakl Blues” zu Salzburg

Fir de Band Nummer 4 an eiser prestigiéiser Serie Kremart Kanephora housch et: “Auf nach Salzburg!”

E Méindeg, den 30. Oktober 2017 gouf eist neit Kanephora-Buch “Trakl Blues” vum Jean Back zu Salzburg virgestallt an zwar präzis an der “Georg Trakl Forschungs- und Gedenkstätte”.

Datt mer d’Presentatioun zu Salzburg gemaach hunn, huet eng ganz besonnesch Bedeitung. Dem Jean Back seng Novelle “Trakl Blues” erënnert un e Film aus dem Joer 1978, bei deem fënnef jonk Diddelenger dem éisterräicheschen Dichter Georg Trakl seng Ballad “Die junge Magd” verfilmt haten. Den Amateur-Film ass deemools, no der Presentatioun an nawell gudde Kritiken an der Press, och um RTL Hei Elei gelaf. D’Joer drop ass d’Filmequipe, duerch e Kontakt iwwer d’éisterräichesch Ambassade, op Salzburg invitéiert ginn an de Film gouf an der Gedenkstätte gewisen.

Bal 40 Joer méi spéit gouf et elo e Revival.

2015 war de Jean Back, ee vun de jonke Filmleit vun deemools, während senger Vakanz op Salzburg an huet sech dobäi un d’1970er Joren erënnert an un d’Dréiaarbechte fir de Film “Die junge Magd”. Doropshin ass seng Novell “Trakl Blues” entstanen. Si erzielt d’Geschicht vun engem Film a beschreift d’Stëmmungen an Ëmbrochzäiten: de politesche Wandel viru 40 Joer zu Lëtzebuerg an d’Flüchtlingskris an Europa haut. Zum Buch gehéiert och eng DVD mam restauréierte Film.

No der Presentatioun vum Hans Weichselbaum vun der Georg-Trakl-Gedenkstätte, huet de Jean Back viru voll besatem Sall, aus sengem Wierk gelies. Dono gouf de restauréierte Film gewisen. No enger Rei Froe vum interesséierte Publikum ass den Owend op en Enn gaangen.

Déi offiziell Presentatioun vun “Trakl Blues” zu Lëtzebuerg ass den 1. Dezember an Zesummenaarbecht mam CNL an der Kulturfabrik zu Esch.

 

 

Jean Back
TRAKL BLUES
Ein Memory zum Luxemburger Amateurfilm “Die junge Magd”, nach der gleichnamigen Ballade von Georg Trakl


Kremart Kanephora by Kremart Edition – Band 4
Mat DVD a 16 Fotosäiten
160 Säiten, 19,95 Euro

 

 

An d’Serie KANEPHORA zielt elo scho 5 Wierker, well am November 2017 och derbäi komm ass: “Perdue dans la vallée” vum Julie Vinandy-Schmit.