“D’Linn Lynn” by Cycle 3.1 (2017-2018) vu Lëntgen

Dëse Projet huet eis Häerzer méi héich schloe gedoen: Mat immenser Freed hunn d’Auteure Luc Marteling an Tom Schartz an de ganze Verlag Kremart gesinn, wat de Cycle 3.1 aus dem Schouljoer 2017-2018 vum Fondamental zu Lëntgen aus dem Buch oder an dësem Fall méi richteg: aus der Buchvirlag “D’Linn Lynn” gemaach huet.

“Alles ass voller Linnen” – ënnert deem Motto huet sech d’Lynn an den Däitschunterricht, an d’Mathé an an d’Éducation artistique geschlach … a mat vill Kreativitéit vu Schoulmeeschter a Schüler opgeholl. Dir hutt dat SUPER gemaach!!!

Linn_Lynn_als_E-Book_vum_Cycle3.1

Ënnert der Leedung vum Carlo Thimmesch hunn d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem drëtte Schouljoer dem Lynn Liewen agehaucht – si hunn d’Linn Lynn richteg gelieft – genee esou, wéi et den Haaptmessage am Buch ass. Dat wëll jo e Plädoyer fir Villfalt, e Bekenntnis zum Optimismus, en Hommage un d’Liewe sinn.

D’Klass huet d’Buch “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schartz als Virlag geholl, fir et op hir Aart a Weis ze interpretéieren. Hei e Video vun der Klass mam Resultat vun hirer Aarbecht, Reflexioun, Interpretatioun …

… um Enn vum Schouljoer krut dowéinst och all Schüler als Unerkennung an als Merci eng “Linn Lynn” geschenkt.

Foto: Pol Provost

 

D’Buch “D’Linn Lynn” ass 2016 erauskomm an erzielt d’Geschicht vun enger Linn – an zwar op eng ganz minimalistesch Aart a Weis. Déi kuerz Texter stamen aus der Fieder vum Luc Marteling, gezeechent an an Zeen gesat goufen d’Lynn an all déi aner Linne vum Tom Schartz. Weider Infoen hei.

Um Owend vum Lëtzebuerger Buchpräis 2017 krut d’Linn Lynn de Spezialpräis DESIGN. Weider Infoen hei.

D’Linn Lynn ass, wann een esou wëll, e wäisst Buch am grousse Format, op eng héichwäerteg Aart a Weis realiséiert vun der Imprimerie Centrale. D’Oplo ass op 444 Bicher limitéiert, all Exemplaire ass numeréiert a vun den Auteure signéiert. Eng Linn kascht 22 Euro an e puer Bicher sinn nach ze kréien (an de Librairien oder direkt beim Verlag).

Foto: Gabriel

 

Alle Schüler an dem Carlo Thimmesch op dëser Plaz nach eemol

MERCI!!!

Dir hutt d’Linn Lynn erlieft a gelieft, hoffentlech ass se nach ganz laang Äre Begleeder, als léif Liewenslinn …

Foto: Gabriel