“Literatuerm” mat engem neien Elmar am Aquatower

Um Sonndeg de Moien, 23. September gëtt et fir Kanner vun 3 bis 7 Joer eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem. Vun 10.30 bis 12 Auer.

Um Programm stinn:
– eng nei Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: “Den Elmar an de Reebou”
– déi zwou flott Geschichten “Den Elmar an de Päiperlek” an “Den Elmar an d’Course”
– an eng Geschicht vun der klenger Prinzessin: “Ech hätt och gäre Frënn!”

Ausserdeem gëtt nach gelies:
– “D’Linn Lynn” … dat handelt vun de Méiglechkeete vun engem Stréch. ‘t geet ëm Formen, Faarwen a Gefiller. Fir kleng a fir grouss Kanner ass dës Geschicht vum Luc Marteling an Tom Schartz.

Infoen iwwer déi eenzel Bicher fannt Dir hei.

Entrée: 5,50 Euro pro Persoun
Abegraff sinn: Montée op de Waassertuerm, eng Taass Kaffi/Téi oder e Glas Jus an e Croissant

Umeldung ass obligatoresch via: aquatower@berdorf.lu
D’Bicher vu Kremart Edition gëtt et op der Plaz ze kafen.