Gintare Parulyte a Laurence Klopp den 9. Oktober zu Mamer

Den 9. Oktober ëm 19 Auer gëtt et Fra-Power am Kinneksbond: Direkt zwou Kremart-Autorinnen trieden dann do op!

Fotoen: Antje Taiga Jandrig a Claude Piscitelli

Hei den offiziellen Text:

Fir dës éischt Editioun vu „Story Time“ stinn d’Dammen am Mëttelpunkt! D’Schauspillerin Gintare Parulyte wäert ons Fuck virliesen, seng éischt Kuerz­geschicht op Lëtzebuergesch déi, an enger ganz direkter Sprooch, vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra erzielt, déi op der Sich nom Papp vun hirem zukünftege Kand ass.

No dësem emotionalen, hormonellen an och eroteschen Op an Of, entdecke mir zesumme mat der jonker Schrëftstellerin déi verréckte Welt vum Laurence Klopp an hir zwee Wierker La dame à la mise en pli mauve a brèves [re]trouvailles: fantasie­voll Kuerzgeschichten, déi touchant an extravagant Personnagen an Zeen sëtzen an déi kleng Detailer erauskëddelen, déi den Alldag dach awer esou poetesch maachen.

D’Liesung ass op Lëtzebuergesch a Franséisch, den Entrée ass gratis.