Den Elmar an d’Linn Lynn beim TUFFI

D’City Bibliothéik an der Stad huet den 29. September hiren 10. Gebuertsdag gefeiert!

Den TUFFI hat all seng Frënn invitéiert …

… a ganz vill Leit ware komm – grouss a kleng Frënn.

A gratuléiert hunn och de faarweg karéierten Elefant Elmar, d’Linn Lynn, d’Lalumi an d’Buedwaassa-Monsta, an enger Liesung vum Luc Marteling.

De ganzen Dag war fir vill Animatioun gesuergt – am Cercle niewendrun, well do gouf gefeiert 🙂

Allen e grousse Merci fir d’Kommen! An der Cité Bibliothéik all Guddes gewënscht:

Maacht weider esou!!!