Ettelbréck: De Lobo, den Elmar an d’Prinzessin

Geschichte fir Kanner vun 3 bis 7 Joer gëtt et de Samschdeg, 20. Oktober 2018 ëm 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, place de la Libération, L-9060 Ettelbruck).

D’Christiane Kremer stellt do hiert neiste Kannerbuch “So mol, Lobo!” vir. Ausserdeem gi gelies: “Den Elmar an de Reebou”, “Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn” a vläit nach eng flott Kannergeschicht, déi op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

Den Entrée ass fräi, weider Infoen op www.ettel-biblio.lu.