4 Walen am Elmar-Look!

Mir stelle vir: 4 jonk Artisten – d’Milli an de Lou, d’Nikki an d’Sara!

Well “Wale” jo net just dat bezeechnen, wat zu Lëtzebuerg de 14. Oktober war, ma och déi grouss Déieren, déi am Mier schwammen, hate mir opgeruff, Walen am Elmar-Look ze molen, ëmmerhin gëtt et jo eng super flott Geschicht mam faarwegen Elefant, déi heescht: “Den Elmar an d’Walen”.

4 Kanner hu matgemaach a sech dru ginn, an déi ginn elo belount mat jeeweils 3 Elmar-Bicher. A well et sech ëm Gesëschter-Koppelen handelt, ginn zwee Bicherpäck eraus mat allkéiers 6 verschiddenen Elmar-Geschichten, dorënner och déi zwou ganz nei: “Den Elmar an de Reebou”, “Den Elmar an de Päiperlek”, “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung”, “Den Elmar an d’Course”, “Den Elmar an de Super El” an natierlech “Den Elmar an d’Walen”.

 

Villmools Merci fir d’Matmaachen! Mir hunn eis richteg iwwer Är Elmar-Wale gefreet an den Elmar wier sécher frou, wann en esou e schéinen, esou e faarwege Wal als Frënd hätt … Hei drënner dann elo déi 4 priméiert Konschtwierker vun de Kanner:

Gemoolt vum Milli Toussaint, 2 Joer, vu Meechtem (mat Hëllef vun der Mamma).

 

Ganz eleng gemoolt vum Lou Toussaint, 4 Joer, vu Meechtem.

 

Gemoolt vum Nikki Kirch Lickes, 3 Joer, vu Giischt.

 

Gemoolt vum Sara Kirch Lickes, 5 Joer, vu Giischt.

Mir wënsche weider ganz vill Freed mat dem faarweg karéierten Elefant Elmar, sengem Cousin Willy, senge vill Frënn … a senge coole Bicher!