Smart-News: All Guddes fir 2019!

Dir Dammen an Dir Hären,

mir si frou, Iech e puer Informatiounen iwwer eis Bicher-Rei “Smart Kremart by Kremart Edition” zoukommen ze loossen. Den Direkter vum Nationale Literaturzenter zu Miersch, de Claude D. Conter, hat d’Serie, déi am Summer 2017 offiziell ofgeschloss gouf, als “déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literatur-Geschicht” bezeechent. An obwuel d’Serie scho méi laang komplett ass, gëtt et e puer Neiegkeeten …

Smart Kremart: Nogedréckt an iwwersat

Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch sinn nach ëmmer am Trend: Vun de klengen, faarwege Smart-Bichelcher goufen antëscht méi wéi 27.000 Kopië verkaaft. Kuerzzäiteg waren eenzel Nummeren net méi disponibel, ma elo goufen net manner wéi 8 Stéck nogedréckt, esou datt d’Serie nees komplett ze kréien ass. (“De Wierdermoler” vum Christiane Kremer ass ewell bei senger 4. Oplo ukomm.)

D’Buch Nummer 19, “Tunnel of Love” vum Jackie Messerich, gouf iwwersat an ass elo och op Italienesch ze kréien (als Nummer 19i mat der ISBN 978-2-919781-00-3 an och fir 2,99 Euro). D’Iwwersetzung vun “Tunnel of Love – Alla ricerca di una storia” staamt vum Metta Brandino, déi d’Autorin Jackie Messerich an engem Lëtzebuergesch-Cours kennegeléiert huet. Wat fir e flott Beispill vun Integratioun!

Weider Infoen hei:
https://kremart.lu/bicher/smart-19i-tunnel-of-love-op-italienesch/

 

Als klengen Joke gëtt et iwwregens elo och eng Nummer 21, mam Titel “Meng Geschicht” vum Ego Myself, dohanner verstoppt sech – fir Malentenduen ze evitéieren – awer just en Notizblock alias Sabbelbuch.

Déi komplett Smart-Serie op Lëtzebuergesch (Bänn 1 bis 20) gëtt et och an engem schwaarzen oder wäisse Set (59,80 Euro) oder am Coffret “Eng gutt Lies” mat enger Magnum-Riesling vum Domaine Kox vu Réimech (88 Euro).

Mir hunn iwwregens och nach e puer Smart-Boxen (am Wäissen oder Schwaarzen) dispo!

PS: “Vill Gléck am Neie Joer” ass den Titel vun der 4. Geschicht aus dem Smart-Nofollger TIMBA!

An dem Jackie Messerich ass dëst hei opgefall – an domat ALL GUDDES fir 2019 gewënscht, bleift SMART 🙂

Nees all Bändchen ass ze kréien: