3 Kannerliesungen op engem Weekend

De Weekend vum 23. a 24. Mäerz war Kremart vill ënnerwee: Um Samschdeg de Moien huet d’Christiane Kremer an der Cité-Bibliothéik an der Stad gelies, um Nomëtten de Luc Marteling op der Bio-Bourse um Kass-Haff zu Rolleng bei Miersch an um Sonndeg de Moie stoung nees eng Lies-Matiné am Aquatower zu Bäerdref um Programm … mat Mëscht a Schocki!

Zu Éiere koumen: Lobo, Lalumi, Linn Lynn, Elmar, Kleng Prinzessin, Buedwaassa-Monsta an de Kueb Kuiitsch.