“So mol, Lobo!” Mat alle Sënner liesen zu Maacher

“Mat alle Sënner liesen” ass de Motto vum Weltdag vum Buch an Droit d’Auteur 2019. Um Programm zu Gréiwemaacher stinn ë.a. zwou Liesunge mam Christiane Kremer, dat hiert Kannerbuch “So Mol, Lobo!” virstellt (héieren). Am ExpoCube vum Kulturhuef Musée ginn déi flott Illustratiounen aus der Fieder vum Vincent Biwer ausgestallt (kucken). Weider geet et mat enger Erklärung zu der Produktioun vu Bicher am traditionellen Handsatz an dem Drock op enger historescher Handpress (fillen). Natierlech huet d’Faarf, mat där gedréckt gëtt, och e ganz spezielle Geroch (richen). A fir datt de Goût och net ze kuerz kënnt, kréien d’Kanner och nach e klenge séisse Snack offréiert (schmaachen).

“So mol, Lobo” vum Christiane Kremer: Den Dënschdeg, 23. an den Donneschdeg, 25. Abrëll vu 14.30 bis 15.30 Auer zu Maacher am Kulturhuef. Op Lëtzebuergesch a fir Kanner vu 4 Joer un. Den Entrée ass gratis, et soll ee sech awer umellen: mail@kulturhuef.lu oder Tel. 26 74 64-1 (Mé-Fr 9h-12h). Organisatioun: Kulturhuef, Maacher Bibliothéik a Musel-Sauer Mediathéik.

Et sinn nach Plaze fräi, maacht Iech bäi 🙂 Info-Flyer (Just d’Liesunge fir d’Schoulklasse sinn ewell komplett.)

Liesungen