Kannerliesung zu Réimech de 5. Mee um 10 Auer

“So mol, Lobo”, “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht”, “Den Elmar an dee Friemen” an “Nach eng kleng Geschicht …”  an an an …

dat sinn ënner anerem d’Geschichten, déi e Sonndeg de 5. Mee tëscht 10.00 an 11.30 Auer gelies ginn zu Réimech am Centre Visit Réimech 1, Route du Vin.

Den Entrée ass 5€ fir d’Liesung mat engem Schocki an enger Mëtsch fir d’Kanner. Fir d’Elteren gëtt et e Kaffi (oder Espresso), eng Coupe an e Croissant.

Umelde soll ee sech bis  den 2. Mee um Telefon 27 07 54 -16 oder visit@remich.lu