14. September: Kannerliesung mat neie “Waassergeschichten”

„De Kuakerino an aner sprëtzeg a lëschteg Geschichte ronderëm d’Waasser“ – esou heescht eng Liesung fir Kanner de Samschdeg, 14. September tëscht 16 an 18 Auer an der Librairie Diderich zu Esch.

Am Kader vun der „Nuit de la Culture“ zu Esch invitéieren d’Librairie Diderich a Kremart Edition op d’Presentatioun vun zwee neie Bicher mat enger Liesung fir Kanner vun 3-8 Joer.

Infoen iwwer d’Nuit de la Culture gëtt et hei!

„De Kuakerino: E Fräsch wëll an de Ballet“
vum Stefanie Reich an Anja Ackermann – op Lëtzebuergesch iwwersat vum Christiane Kremer

De Kuakerino ass e gléckleche Fräsch, bis eemol e puer Libelle bei sengem Dëmpel stallhalen, fir do ze danzen. Et ass einfach ze schéin, wéi si am Liicht glënneren an duerch d’Loft schwiewen. Fir de Kuakerino steet fest: Hie wëll och danze léieren!

E lëschtegt Billerbuch, dat weist, wéi ee mat Courage an engem staarke Wëllen iwwer sech eraus sprange kann. Fir Kanner vu 5 Joer un. (ISBN 978-99959-39-96-0, 28 Säiten, 12,99 €)

„Dee klenge wäisse Fësch lauschtert Waassermusek“
vum Guido van Genechten – op Lëtzebuergesch iwwersat vum Christiane Kremer

Dee klenge wäisse Fësch ass grad gutt gelaunt opgestanen. Hie séngt e lëschtegt „Ech-si-lo-waakreg“- Lidd. All seng Frënn maache Musek. Op eemol héiert dee klenge wäisse Fësch ganz wonnerbar Kläng. Mä wou kommen déi hier?

E geckegt Musekbuch fir kleng Fësch a grouss Musekfrënn vun zwee Joer un. Mat Musek. (ISBN 978-99959-39-74-8, 16 Säiten, 20 €)

D’Liesung ass gratis, d’Bicher gëtt et op der Plaz ze kafen.