Den Elmar feiert, feiert mat!

Den Elmar feiert 2019 jo säin 30. Gebuertsdag, dofir heescht déi nei Story dann och: Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar!

Wourëm geet et doran? Den Elmar huet Gebuertsdag an d’Elefante wëllen him eng spillen. Si wëllen him eréischt ganz spéit wënschen. Ob dat wierklech esou eng gutt Iddi ass? Net datt si sech um Enn nach selwer erageluecht hunn …

Den David McKee huet doraus – wéi ëmmer – eng witzeg Déieregeschicht iwwer mënschlech Schwächte gemaach – natierlech mat engem Happy End an engem groussen Happy-Birthday-Kuch!

Wann och Dir e Fan vum Elmsar sidd, freet Iech iwwer

 

 

 

Den ELMAR ass jo zu Lëtzebuerg immens populär,
disponibel sinn nach dës Geschichte vun him:

Den Elmar an dee Friemen, ISBN 978-99959-39-86-1
Den Elmar an de Reebou, ISBN 978-99959-39-87-8
Den Elmar an de Päiperlek, ISBN ISBN 978-99959-39-85-4
Den Elmar an de Super El, ISBN 978-99959-39-28-1
Den Elmar an d’Course, ISBN 978-99959-39-27-4
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung, ISBN 978-99959-39-26-7
Den Elmar an d’Walen, ISBN 978-99959-39-25-0
Den Elmar an dee grousse Vugel, 978-99959-39-24-3
Den Elmar, 978-99959-830-7-9

Nach just e puer Kopien hu mir vun (maacht Iech bäi):

Den Elmar am Schnéi, ISBN 978-99959-39-23-6
Den Elmar an d’Schlaang, ISBN 978-99959-39-22-9

All Buch kascht 12,95 Euro.

 

Ausserdeem gëtt et nach: Mäin Elmar – E Buch wéi en Elefant, ISBN 978-99959-39-39-7, 10 Säiten aus Kartong, fir nëmmen 12 Euro (Foto).