10. November: Lies-Matinée fir Kanner zu Réimech

E Sonndeg, den 10. November moies vun 10 Auer bis ongeféier 11.30 Auer liest de Luc Marteling zu Réimech am Visiteurszenter.

Um Programm: D’Linn Lynn, de Kuakerino an den Elmar …

Um 10 Auer geet et lass mat enger éischter Liesung, no enger klenger Paus mat mini Mëtschen a Schocki geet et da weider.

D’Liesung ass op Lëtzebuergesch.
Präis: 5 € pro Kand
Eltereneck: Och fir déi Grouss ass gesuergt. Fir 5 € kritt Dir e Kaffi (oder Espresso), eng Coupe Crémant an e Croissant.

Umeldung bis de 7. November: visit@remich.lu (d’Plaze si limitéiert.)