9. November: Kannerliesung an der Ettelbrécker Bibliothéik

D’Prinzessin, den Elmar an e Fräsch, deen danzt! Dat ass den Titel vun der Kannerliesung, de Samschdeg, 9. November um 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik.

D’Christiane Kremer liest vir, den Entrée ass fräi.

Adress: Bibliotheik Ettelbréck, 9, Place de la Libération, L-9060 Ettelbruck, Tel. 26 81 15 32.