Déi 8 Kanephora-Bicher am Iwwerbléck

“Kremart Kanephora – Déi nei Bibliothéik vu Kremart Edition” ass méi grouss ginn: Am Hierscht 2019 goufen d’Bicher “Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti an “Déi Säit dem Scheet” vum Alain Atten virgestallt.

Domat huet eis Premium-Rei elo well 8 Bicher vu 6 Auteuren an 3 Sproochen … op d’mannst! D’Bicher sinn op Lëtzebuergesch, op Däitsch, op Franséisch an am Alain Atten sengen zwou Novelle sinn eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger Mondaarten dran – e litaresch-linguistesche Pleséier!

Am Ale Griichenland huet den Numm Kanephora Fraen, déi Kierf gedroen hunn, bezeechent (“Korbträgerinnen”). Eng alternativ Bezeechnung war Karyatiden. Domat goufen an der Architektur Skulpture vu weibleche Figure mat der Funktioun, eppes ze droen, bezeechent – also Sailen. Esou wéi e Kuerf e Contenant fir verschidde Saachen ass, esou ass och e Buch e Contenant fir verschidde Geschichten. An d’Metapher vun de Fraefigure-Sailen, mat deene ville Plien an de Kleeder, gëtt am Layout vum Buch iwwerholl: D’Bicher hunn e ronne Réck an d’Strécher um Cover symboliséieren d’Kannelüre vun de Sailen, an déi gi verlängert duerch dräi Lieszeechen (“Zeichenlitzen”) a verschiddene Faarfnuancen, ëmmer passend zu der dominanter Coverfaarf, wat dann och haptesch u Gezei erënnert …

Kremart Kanephora am Iwwerbléck

#8

Déi Säit dem Scheet“, vum Alain Atten
Illustratiounen: Luana Maggipinto, Fotoen: Luc Marteling
ISBN 978-99959-39-48-9
161 Säiten, 19,95 Euro

#7

Ein Jahr in Berlin“, vum Romain Butti
ISBN 978-99959-39-47-2
98 Säiten, 19,95 Euro

#6

Alle véierzéin“, vum Alain Atten
Illustratiounen: Luana Maggipinto, Fotoen: Tom Poull
ISBN 978-99959-39-46-5
240 Säiten, 19,95 Euro

#5

Perdue dans la vallée“, vum Julie Vinandy-Schmit
Zeechnungen: Hermann Fuchs
ISBN 978-99959-39-45-8
128 pages, 19,95 euros

#4

Trakl Blues“, vum Jean Back
Ein Memory zum Luxemburger Amateurfilm “Die junge Magd”, nach der gleichnamigen Ballade von Georg Trakl
Mit Film-DVD und 16 Seiten Farbfotos
ISBN 978-99959-39-44-1
160 Seiten, 19,95 Euro

#3

Allen Ernstes“, vum Maryse Krier
Zeechnungen: Tanja Trienekens
ISBN 978-99959-39-43-4
208 Seiten, 19,95 Euro

#2

Die Tage, die Dinge” vum Linda Graf
ISBN 978-99959-39-42-7
200 Seiten, 19,95 Euro

#1

Zalto mortale – Dräi Monologen“, vum Jean Back
ISBN 978-99959-39-41-0
112 Säiten, 19,95 Euro

Den Design vun de Kanephora-Bicher ass vum Tom Schartz vu presss vu Maacher.