15. Dezember: Liesmatinée zu Stengefort

“Wa Flacke falen an Elefanten am Schnéi spillen” –

Geschichten net nëmme fir de Wanter mam Christiane Kremer.

Liesung fir Kanner de Sonndeg, 15. Dezember an der Maison Relais zu Stengefort vun 10 bis 12 Auer.  Als Stäerkung gëtt et eng Mëtsch an e Schocki oder Jus oder Waasser a fir déi Erwuessen e Kaffi (alles Fairtrade).

Umeldunge bis den 11. Dezember mat Mail u service-pr@steinfort.lu oder um Telefon 399313-214.

Organiséiert vun der Gemeng Stengefort mat der Commission Sociale et de l’Egalité des Chances.