Musel-Sauer Mediathéik: Alain Atten mat “Déi Säit dem Scheet”

Eng literaresch a linguistesch Rees gëtt et den Donneschdeg, 13. Februar ëm 19 Auer zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer Mediathéik (25, Grand-Rue). De bekannte Sproochmates Alain Atten liest dann aus “Déi Säit dem Scheet”, enger Novell, déi den Auteur an där aler Sprooch vun Esch am Lach, ma och a villen anere Sprooche vun deemools geschriwwen huet.

Seng Geschicht spillt nämlech 1619: De Georges Gutkäs vun Esch-Sauer kënnt vun déi Säit dem Pull heem an d’Land no senger Ierfschaft kucken. ‘t weess keen, datt en erëm ass. Als Bouf war en Zeien, wéi ee seng Gued ëmbruecht huet; en huet deemools séier misse verschwannen. Mat engem hollännesche Kéiskréimer ass en ugedréckt a mat deem sengem Gefier kënnt en heem. D’Hallschecht vun deem, wat ëm geschitt ass, däerf kee gewuer ginn. Ënnerwee fir heem, zu Uewerpallen, kritt e mat, datt de Vaut vun Esch, deen en ëmmer gär verdillegt hätt, ewell als Hexejeeër de Streech onsécher mécht. Zu Brattert gëtt en da gewuer, wien en dës Kéier geroden huet …

Den Alain Atten stellt och nach kuerz eng nei Novell vir, déi e grad an der Maach huet. No der Liesung invitéiert d’Mediathéik op e Patt.