Besonnesch an der Grippesaison: d’Hänn wäschen!

Iwwerall héiert a liest een den Ament, datt d’Hännwäschen elo grad besonnesch wichteg ass, well mir an der Grippesaison sinn. Wann ee seng Hänn reegelméisseg wäscht, iwwerdréit ee manner Krankheeten.

Dat huet och Déi Kleng Prinzessin musse léieren, well den Tony Ross huet hir an der Geschicht “Ech wëll meng Hänn net wäschen!” erkläert, firwat dat awer wichteg ass. An um Schluss war natierlech och déi kleng Prinzessin vum Hännwäschen iwwerzeegt!

All d’Prinzessinne-Geschichten am Iwwerbléck

Ganz nei ass: “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll en Hues!

D’Christiane Kremer huet d’Geschichte vum Tony Ross senger klenger Prinzessin op Lëtzebuergesch iwwersat. Bis elo 9 Bicher, déi och nach all ze kréie sinn. Si hunn all 28 Säiten a kaschten 12,95 Euro:

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!
ISBN 978-99959-39-61-8

Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!
ISBN 978-99959-39-62-5

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!
ISBN 978-99959-39-63-2

Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!
ISBN 978-99959-39-64-9

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un!
ISBN 978-99959-39-65-6

Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!
ISBN 978-99959-39-66-3

Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!
ISBN 978-99959-39-67-0

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!
ISBN 978-99959-39-68-7

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll en Hues!
ISBN 978-99959-39-69-4

PS: Am Hierscht 2020 kënnt nach “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll mäi Papp!”