Kaarte fir den ELMAR a fir DÉI KLENG PRINZESSIN

D’Lëtzebuerger Land am Elmar-Look? Do staunt dee faarweg karéierten Elefant awer. An e freet sech. Well ganz vill Geschichte vun him sinn op Lëtzebuergesch ze kréien. An et kommen der nach un engem Stéck derbäi. Fir d’Kanner frou ze maachen! Den Elefant vum David McKee ass einfach super!

Ma och vun der klenger Prinzessin gëtt et eng Kaart, op där si an hirem typesche Look drop ze gesinn ass – mat gieler Kroun, am wäissen Nuetshiem, de Gilbär am Grapp a mat wujelegen Hoer. Hannen drop sinn all déi Geschichte vun hir, déi et op Lëtzebuergesch gëtt. Den Tony Ross huet sech déi kleng Heldin ausgeduecht.

Iwwersat goufen d’Kannerbicher vum Christiane Kremer (Déi kleng Prinzessin) a vum Luc Marteling (Elmar).

D’Kaarten am A5-Format kënnt Dir gratis an Ärer Librairie kréien …

Dës 13 Elmar-Geschichte sinn nach ze kréien:
Den Elmar geet trëppelen (ISBN 978-99959-39-89-2, 12,95 €)
Den Elmar (ISBN 978-99959-830-7-9, 12,95 €)
Den Elmar an dee grousse Vugel (ISBN 978-99959-39-24-3, 12,95 €)
Den Elmar an d’Walen (ISBN 978-99959-39-25-0, 12,95 €)
Den Elmar an d’Iwwerschwemmung (ISBN 978-99959-39-26-7, 12,95 €)
Den Elmar an d’Course (ISBN 978-99959-39-27-4, 12,95 €)
Den Elmar an de Super El (ISBN 978-99959-39-28-1, 12,95 €)
Den Elmar an de Päiperlek (ISBN 978-99959-39-85-4, 12,95 €)
Den Elmar an de Reebou (ISBN 978-99959-39-87-8, 12,95 €)
Den Elmar an dee Friemen (ISBN 978-99959-39-86-1, 12,95 €)
Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, Elmar! (ISBN 978-99959-39-88-5, 12,95 €)

Mäin Elmar (ISBN 978-99959-39-39-7, Säiten aus Kartong, 12 €)

Dem Elmar säin Orchester (ISBN 978-99959-39-29-8, Buch mat Téin, Neioplo, 18 €)

—–

An op dës 9 Abenteuer vun der Klenger Prinzessin dierfe sech déi jonk Lieser freeën:

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett! (ISBN 978-99959-39-61-8, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht! (ISBN 978-99959-39-62-5, 12,95 €)
AKTUELL – Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen! (ISBN 978-99959-39-63-2, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer! (ISBN 978-99959-39-64-9, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un! (ISBN 978-99959-39-65-6, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net! (ISBN 978-99959-39-66-3, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn! (ISBN 978-99959-39-67-0, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht! (ISBN 978-99959-39-68-7, 12,95 €)
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll en Hues! (ISBN 978-99959-39-69-4, 12,95 €)

AM HIERSCHT fir Pappendag:
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll mäi Papp! (ISBN 978-99959-39-98-4, 12,95 €)

Déi ganz Iwwersiicht gëtt et och hei.