Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!

Perfekt fir de Summer – also no engem Schouljoer oder virun engem Schouljoer – déi nei Geschicht vum Tony Ross senger klenger Prinzessin:

Déi kleng Prinzessin hätt gär e richtege Frënd. D’Kinnigin mengt, datt déi kleng Prinzessin an der Schoul lauter Frënn fënnt. Mä ass dat wierklech esou einfach?

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!
ISBN 978-99959-39-67-0
30 Säiten, 12,95 Euro

Dëst ass ewell déi 7. Geschicht vun der klenger Prinzessin, déi d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Natierlech sinn och déi aner Bicher vun der klenger Prinzessin nach all ze kréien. D’Geschicht Nummer 8 kënnt am Hierscht: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!