Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un!

“Ech fäerte guer net sou vill am Däischteren!”, seet déi kleng Prinzessin. “Ech fäerte méi d’Geeschter.”

Dem Tony Ross seng kleng Knätzel weess op alle Fall, wat se wëll – an zwar mat der Luucht u schlofen!

Jidderee seet hir awer, et géif näischt esou eppes wéi Geeschter ginn. Mä wann dat stëmmt, wat verstoppt sech dann do ënnert dem Bett vun der klenger Prinzessin …? E klengt Gespenst?! 🙂

Eng super Geschicht mat enger genialer Pointe, am Original vum Tony Ross, vum Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat.

Tony Ross
Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un!
ISBN 978-99959-39-65-6
12,95 Euro, 28 Säiten

 

IWWERSIICHT

9 Titele vun der klenger Prinzessin sinn nach ze kréien (hei geet et bei d’Coveren). All geschriwwen a gezeechent vum TONY ROSS, all op Lëtzebuergsch iwwersat vum CHRISTIANE KREMER. Hei si se:

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!
ISBN 978-99959-39-61-8

👸 Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!
ISBN 978-99959-39-62-5

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech maachen dat selwer!
ISBN 978-99959-39-64-9

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech wëll d’Luucht un!
ISBN 978-99959-39-65-6

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net!
ISBN 978-99959-39-66-3

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn!
ISBN 978-99959-39-67-0

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht!
ISBN 978-99959-39-68-7

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech wëll en Hues!
ISBN 978-99959-39-69-4

👸 Déi kleng Prinzessin: Ech wëll mäi Papp!
ISBN 978-99959-39-98-4

26 Säiten (op d’mannst), 12,95 Euro

Vergraff ass leider (pandemiebedéngt) schonn: Ech wëll meng Hänn net wäschen!