Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!

Déi kleng Prinzessin wëll net an d’Bett. Nodeems se schonn e puer Mol opgestanen ass, ginn de Kinnek an d’Kinnigin ganz streng an d’Prinzessin geet wierklech schlofen. Mä wéi de Kinnek nach eemol kucke geet, fir gutt Nuecht ze soen, ass d’Bett erëm eidel! Wou kann déi kleng Prinzessin nëmme sinn?

IMG_3436

1986 huet den Tony Ross déi éischt Geschicht vu senger klenger Prinzessin erausbruecht. Déi ass véier Joer al a wunnt mat hiren Elteren a mam ganzen Haff an engem Schlass. Fir den 30. Gebuertsdag vun der Geschicht huet d’Christiane Kremer der klenger Knätzel Lëtzebuergesch bäibruecht.

IMG_3444

Am Hierscht kënnt iwwregens nach eng zweet Geschicht vun der Prinzessin op Lëtzebuergesch eraus: „Déi kleng Prinzessin: Ech si krank!“

IMG_3449

Déi kleng Prinzessin: Ech wëll net an d’Bett!
Kremart Edition
ISBN 978-99959-39-61-8
28 Säiten
12,95 Euro

Kleng_Prinzessin_Bett