Den Elmar an d’Course

Deen neien Elmar heescht „Den Elmar an d’Course“ an handelt vu Fair Play am Sport an am Liewen. Mat ville léiwen a manner léiwen, klenge faarwegen Elefanten, déi eng Course maachen, passt dës Geschicht besonnesch gutt an d’Zäit vun den „Spiller vun de klenge Länner“ (JPEE) Enn Mee, Ufank Juni.

Et ass ewell déi néngt regulär Elefante-Geschicht vum David McKee, déi de Luc Marteling fir Kremart Edition op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

David McKee
Den Elmar an d’Course
ISBN 978-99959-39-27-4
28 Säiten, 12,95 Euro

Elmar-Course

Am Hierscht kënnt Nummer zéng eraus: „Den Elmar an de Super El“
an am Wanter nach en extra Band: „Dem Elmar säin neie Frënd“.

Elmar-SuperEl Elmar-NeieFrënd