Den Elmar an de Super El

Enges Moies héiert den Elmar e verzweiwelten „o nee“. Hie kuckt ëm sech a gesäit de Super El. Dee klengen Elefant brauch Hëllef, well eng pickeg Heck säi Kostüm ganz schampeléiert huet …

De Super El muss also bei d’Tatta Tzidoni goen, well déi kann him hëllefen. Déi aner Déiere sollen awer näischt an Uecht huelen, dofir lenkt den Elmar se of … ëmmer op eng aner Manéier …

Kleeder maachen net just Mënschen, ma och Elefanten.
An zesumme ginn déi duerch déck an dënn!

De Luc Marteling huet och dës Geschicht vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant iwwersat, d’Myriam Welschbillig huet se nogelies.

David McKee
Den Elmar an de Super El
ISBN 978-99959-39-28-1
28 Säiten, 12,95 Euro

 

Vum David McKee si bis elo bei Kremart Edition erauskomm:

  • Den Elmar (Summer 2014)
  • Den Elmar an d’Nilpäerd (Hierscht 2014) – vergraff!
  • Den Elmar an d’Monster (Fréijoer 2015)
  • Den Elmar an d’Schlaang (Summer 2015)
  • Den Elmar am Schnéi (Hierscht 2015)
  • Den Elmar an de grousse Vugel (Fréijoer 2016)
  • Den Elmar an d’Walen (Summer 2016)
  • Den Elmar an d’Iwwerschwemmung (Hierscht 2016)
  • Den Elmar an d’Course (Fréijoer 2017)
  • Den Elmar an de Super El (Hierscht 2017)
  • An e grousst Buch mat Téin: Dem Elmar säin Orchester (Wanter 2016) – vergraff!
  • An e klengt Buch mat engem Spigel: Dem Elmar säin neie Frënd (Wanter 2017)