Nuit des musées: Coup de coeur am MNHA

Gudden Owend! Kalispera!

Dir fannt hei eng kleng Interventioun vum Luc Marteling, déi hien am Kader vun der Nuit des musées 2017 am Nationalmusée MNHA um Fëschmaart, an der neier Sektioun vun der “Archäologie urbaine”, gemaach huet. Den Auteur, dee bei Kremart Edition matschafft, huet do a senger Funktioun als Chefredakter vun RTL.lu geschwat an een Exponat aus der Kollektioun als “Coup de coeur” virgestallt … an dobäi senge Gedanke fräie Laf gelooss. Hei säin ironesch-selbstironeschen Text, garnéiert mat Fotoe vum Christiane Kremer. Bonne lecture!

Verzeit mer, ma ech sinn e bësse baff, datt iwwerhaapt nach Leit engem Journalist nolauschtere wëllen …

an Zäite vun Trumpism a Fakenews.

An dann och nach engem Lëtzebuergeschen …

an Zäiten, wou déi „Luxemburger“ Medien nees hannescht op hiren orthodoxe Wee bruecht ginn.

An dann och nach engem aus dem Internet …

deen der Virilitéit, pardon Virtuositéit, pardon Virtualitéit entwutscht ass.

Dofir gehéiert Dir bestrooft: Ech huelen Iech mat op eng Toilett, méi genee an eng Latrinn, en Abort, en Orkus, e Schäisshaus an zwar een aalt, rustikaalt, een dreckegt, ruppegt, ruckelzegt, ee vermuuschtent, verschottent, verluerent …

eent, wou een – souguer als Mann – net eleng higoe wéilt, dofir sinn ech Iech dankbar, dass Dir hei sidd.

Dann ënnerhuele mer dës kleng Expeditioun duerch Raum an Zäit gemeinsam. Zesummen. Mir stinn all am nämmlechte Keller. Eng Schicksalsgemeinschaft. Eng Leidensgemeinschaft. Mir deelen eng Passioun:

D’Mënschen dobausse sinn d’Existenzberechtegung fir d’Journalisten dobannen, fir d’Internetfuzzien, déi – un hire Stull getackert an op de Bildschierm stuerksend – mengen, si missten de Leit d’Welt erklären, eng Welt, déi si selwer guer net kennen an déi si selwer wuel am beschte kennen.

wien elo wou mat „si“ gemengt ass, duerft Der selwer decidéieren 😉

Eent ass awer sécher: Ouni Realitéit gëtt et och keng Virtualitéit. Et ass wéi am Platon senger Hiel: D’Mënsche kënne sech just mat de Schieter ofginn, well et Originaler ginn, déi hir Konturen op d’Mauer projezéieren.

Erkenn dech selwer“ – „gnothi seauton“ – „connais-toi toi-même“ stoung um Tempel zu Delphi.

Oder aus der Psychologie a passend zu politesche Walen:

Wat de Mënsch fir real hält, huet real Konsequenzen.“

Woumat mer nees beim Trump a senge Fakenews wieren …

* * *

D’ „Höhlengleichnis“ wier natierlech elo eng perfekt Iwwerleedung gewiescht, fir op dee Fries mat deene gäile Keramiken hei hannendrun anzegoen – abee NEE!

Vill ze zerbriechlech, vill ze stabil, vill z’onoriginell, vill ze iwwerdauerend 🙂

Ech wëll Iech haut eppes ganz aneres virstellen, eppes vill méi Kleesperes, eppes méi Ephemères, ergo eppes vill méi Sielenes, Rares, Uniques … unique well ze normal, ze banal bal – och wann een dofir an de Buedem wullen, an d’Exkrementer schäre goe muss. Dir wäert gesinn!

Apropos gesinn: Ech kann et net dacks genuch soen, et ass gutt, dass Dir hei sidd – well Dir sollt selwer gesinn, genee sou wéi den ongleewegen Thomas, dee sech och näischt virmaache loosse wollt.

Am Internet, ech hunn et selwer elo éinescht gelies, gëtt gefrot, ob den Thomas de Prototyp vum moderne Chrëscht ass. Wier et nëmmen de Prototyp vum moderne Internetuser, vum Facebooker, Twitterer, Snapchatter, Instagrammer, vum Commentateur op RTL.lu – d’Welt wier sécher net méi schlecht …

Bleiwe mer eng Sekonn beim Internet: Ech hunn de Mëtteg selwer eppes gepost an zwar datt déi nei Fähr zu Waasserbëlleg e bësse méi spéit kënnt wéi geplangt. Du hunn ech mussen drun denken, datt do zejoert de Fährmann op sengem Schëff gestuerwen ass – alles ass ebe vergänglech (firwat hätte mer soss Muséeën?) an iergendwann muss de Charon sech selwer iwwer den Doudesfloss Styx an d’Ënnerwelt féieren.

C’est ironie du sort.

Fir datt et eis net d’selwecht geet, soe mer deenen Ale Griichen elo Äddi an och dem hellegen Thomas, ëmmerhin och e Märtyrer, a sprangen … an d’Mëttelalter. An d’14. Joerhonnert. Déi éischt Halschent dovun.

Also an d’spéit Mëttelalter oder scho bal an déi fréi Fréi Neizäit. Op alle Fall an eng Zäit no 1306!

Ma wat vill méi wichteg ass: Mir sprangen an eng Ëmbrochszäit, eng Zäit, an där all déi al Axiomen iwwer Bord gehäit ginn, an där der Scholastik Awuer gesot gëtt, an där et op eemol heescht:

Erliewen amplaz ze gleewen!

Dat erënnert dach – verzeit: fucking – un dat aktuellt Internet-Zäitalter!

Op de Musée bezunn: Kommt e kucken, entdecken, erueweren, amplaz en ze googelen a sech derduerch ze scrollen an ze klicken.

Selwer erliewen, selwer gesinn, selwer préiwen, selwer norechnen, selwer nodenken amplaz nozeplapperen, ze liken, ze sharen, ze retweeten … Ass et dann esou schwéier?

Wat géifen d’Helde vun deemools denken, wa se eis haut, am 21. Joerhonnert, also ronn 700 Joer drop, géife gesinn … just dat gleewen, wat mer wëllen – vun irakesche Gëftgaslige bis Äerderwärmung-Negatioun, vu Pussy-Grapschen bis Putin-Annexioun, vu Brexit bis AfD.

Afd? Ass do net dat Wuert „Alternativ“ dran? ‘t geet dach näischt iwwer „alternativ Fakten“ …

Séier hannescht bei déi, déi d’Mëttelalter ofgeschaaft hunn. Och dat war en haarde Kampf! Vill goufe verfollegt, vill hunn net iwwerlieft.

De Duns Scotus huet sech fir Wëllensfräiheet ausgeschwat, de Marsilius vu Padua fir d’Souveränitéit vum Vollek, de Roger Bacon huet d’Natur erfuerscht, den William vun Occam huet déi chrëschtlech Dogme widderluecht a mäi Frënd de Francesco Petrarca ass de Ventoux eropgejabelt, pardon gehéisst … ouni de Jang iwwregens!

All dës Päpp vum Humanismus, vun der Renaissance, dës Fundamenter vun eiser Zäit sollt Dir elo, bildlech geschwat, an Iech opsuckelen, wann Dir hei niewendrun den „vieux Vieux-Luxembourg“ kuckt.

Deen huet nämlech am Januar 1991 och eng Renaissance gefeiert, eng Reapparitioun gemaach, ass „deus ex machina“-like nees opgedaucht, wéi se hei an der Alstad, am Îlot du Rost gebuddelt hunn an an engem goteschen Haus an der Waassergaass op eng rechteckeg Latrinn gestouss sinn.

Déi ass net just fréier gutt komm, wann een huet mussen, déi huet och d’Archäologen nawell méi wéi arrangéiert …

se stoung nämlech ënner Waasser an dora konnt sech dëst Geschir erhalen.

Den hellege Gral war zwar net derbäi, trotzdeem: wat fir e Set! Do géif ee sech dach direkt usetzen … 30 Telleren an 28 Becheren an eng Louche, also eng Boll. Aus Ahorn, Bichen an Dännenholz. En eenzegaartegen Ensembel hei aus eiser Regioun, well hëlze Geschir sech just dann hält, wann direkt e puer Konditiounen erfëllt sinn – wann et fiicht oder naass ass a wa keng Loft dru kënnt.

Obwuel dës Objete rar sinn, waren et Géigestänn aus dem Alldag, vun alle Leit, also ieweschte wéi ënneschte Schichten. Dat hu se iwwregens bis haut all gemeinsam – Uewen an Ënne mussen iessen, drénken … an dat dann och nees evakuéieren …

Besser Leit dierften aus dëse Becheren hei gedronk a vun dësen Telleren hei giess hunn, well an deem „Laach“ goufen och Schierbele fonnt, déi vu filigranen, üppeg verzierte Glieser stamen – Dir gesitt se hei an der Vitrinn niewendrun.

Well Holz porös ass, war dat hëlze Geschir an der Reegel net laang am Gebrauch. Och d’Latrinn gouf just kuerz benotzt. Dat erkläert de gudden Zoustand vun de Saachen. Eréischt am 15. Joerhonnert huet Keramik d’Holz verdrängt. (Europäescht Parzeläin gëtt et jo eréischt 1708 erfonnt. Chinesescht ass scho wesentlech méi al an do gouf elo rezent eng Schësselchen aus der Song-Dynastie, tëscht 960 an 1127, fir ëmgerechent 32 Milliounen Euro versteet.)

Wat den Zerwiss hei wäert ass, weess ech net, ma en huet sécher éischter e Wäert wéi e Präis …

Datt dës Becheren an Telleren an dee grousse Läffel, fir en net ze vergiessen, elo hei un der Loft ausgestallt kënne ginn, ass enger Lyophilisatioun ze verdanken – doduerch gëtt d’Waasser am Holz ersat duerch e Konservéierungsmëttel (Polyethylenglycol 4000), fir d’Gerüst vum Holz ze stabiliséieren. Erënnert mech e bëssen un de Gunther von Hagens, dee Mënsche konservéiert, also doudeger …

De Konservéierungsprozess ass am Landesmuseum vu Schleswig-Holstein geschitt an huet zwee Joer gedauert.

Anscheinend waren et ganz „abenteuerlech Bedingungen“, an deenen déi Becheren an Telleren gebuerge konnte ginn.

Ech hoffen, de Virtrag hei vun Ärem Een-Exponat-Cicerone war och eenegermoossen „abenteuerlech“.

Ech iwwerloossen Iech elo Ärem Geschir, also dësem Geschir an hoffen, Dir gesitt nach vill méi dran ewéi ech, am Zerwiss – Service!

Ech selwer botzen elo d’Blat, verkrauche mech nees an déi virtuell Welt an, fir bei den Ale Griichen ze bleiwen, drénken e Becher. Net dee vum Sokrates. Ma ee mat Alkohol dran.

Schéin Hënt nach!

Luc Marteling

Lëtzebuerg, 14. Oktober 2017

Nuit des musées