Schonn iwwer 31.500 Smart-Bicher verkaaft!

Léif Leit,
Léif Lieser,
Léif Librairen,

mat eng ganz gudder a ganz encourageanter Nouvelle wëlle mir an dat neit Joer starten: Vun der Serie Smart goufen antëscht iwwer 31.500 Bicher – oder éischter Bichelcher – verkaaft.

MERCI!!!

Dat freet eis immens a mécht sécher och d’Auteure frou. Dorënner e puer Neier, awer och e puer al Huesen. Merci fir Äert Vertrauen, fir Är Geschichten, fir Ären Interessi!

D’Serie, déi jo scho laang ofgeschloss ass an déi vum Claude D. Conter sengerzäit als CNL-Direkter als déi erfollegräichst an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht bezeechent gouf, ass natierlech nach ëmmer komplett ze kréien an natierlech gëtt et och nach ëmmer gratis Boxen dofir, am Schwaarzen oder am Wäissen.

Iwweregens: Den Nofollger vu SMART heescht TIMBA!

Dofir bestellt, kaaft a liest roueg weider 😉

 

Hei den Iwwerbléck iwwer “SMART Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch”:

1) Christiane Kremer: De Wierdermoler (ISBN 978-99959-830-1-7)
2) Claude Schiltz: De Schnéihues (ISBN 978-99959-830-2-4)
3) Vesna Andonovic: Zëmmer Nummer fënnef (ISBN 978-99959-830-3-1)
4) Diane Neises: Weidermerciäddinächsten (ISBN 978-99959-830-4-8)
5) Julie Vinandy-Schmit: Magnificat (ISBN 978-99959-39-01-4)
6) Alain Atten: D’Kuebennascht (ISBN 978-99959-39-02-1)
7) Yorick Schmit: Paenitentia (ISBN 978-99959-39-03-8)
8) Luc Marteling: iPremier (ISBN 978-99959-39-04-5)
9) Tom Decker: D’Tilly (ISBN 978-99959-39-09-0)
10) Josiane Kartheiser: Gees de mat? (ISBN 978-99959-39-10-6)
11) Bob Kieffer: Roswell (ISBN 978-99959-39-11-3)
12) Christiane Ehlinger: ’t ass d’Liewen! (ISBN 978-99959-39-12-0)
13) Jemp Schuster: 13, Waassergaass (ISBN 978-99959-39-13-7)
14) Luc Belling: An elo mol … op Lloret! (ISBN 978-99959-39-14-4)
15) Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongsrüstung (ISBN 978-99959-39-15-1)
16) Karin Goedert: Maacht mer keen Ouer! (ISBN 978-99959-39-16-8)
17) Nico Helminger: Flakka (ISBN 978-99959-39-17-5)
18) Gintare Parulyte: Fuck (ISBN 978-99959-39-18-2)
19) Jackie Messerich: Tunnel of Love (ISBN 978-99959-39-19-9)
20) Jean-Paul Maes: Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un? (ISBN 978-99959-39-20-5)

Smartbooks_01-20_streng_1_R