Mäi mageschen Adventskalenner fir ze molen

Wat den Dezember méi no kënnt, wat och d’Zäit vun den Adventskalennere méi no kënnt: 2022 huet Kremart eng éischte Kéier ee publizéiert, ee roude mat 24 Bichelcher fir Kanner dran – Märercher, awer och soss bekannte Geschichten. Dee koum esou gutt un, datt Kremart 2023 nieft dem rouden Adventskalenner och nach e bloen Adventskalenner erausbruecht huet – nees mat 24 Bichelcher dran, déi Kéier awer natierlech mat anere Geschichten (awer genee esou flotten!).

Fir Enn 2024 huet Kremart eng nei Propos: nees en Adventskalenner mat 24 Bichelcher dran, déi Kéier awer ouni Geschichten, fir ze liesen oder fir virzeliesen, mee mat Motive fir ze molen – eng Zort zauberhaften Adventskalenner: Mat Waasser verwandels du nämlech schwaarz-wäiss Virlagen a faarweg Chrëschtmotiver!

 

☃️ 🎄 🍄 GANZ NEI
Mäi mageschen Adventskalenner fir ze molen
24 Molbicher an e Pinsel / Just mat Waasser
ISBN 978-2-919781-70-6, 27 €

Natierlech sinn de ROUDEN ADVENTSKALENNER
an de BLOEN ADVENTSKALENNER och nach ëmmer ze kréien!

 

HIWEIS

Déi dräi Adventskalennere vu Kremart missten elo an deene meeschte Librairien ze kréie sinn. Och op letzshop.lu si se ze fannen a se kënnen och beim Verlag selwer bestallt ginn (am beschte via Mail op kontakt@kremart.lu). Mir hunn och wëlles, den Adventskalenner mat op d’Walfer Bicherdeeg de 16. a 17. November 2024 ze huelen.

 

ESOU GEET “MÄI MAGESCHEN ADVENTSKALENNER”:

Hanner all Dier verstoppt sech e Bichelche mat herrleche Molvirlagen: Elfen, Stären, Renndéieren, Spiller am Schnéi, Chrëschtbeem … Hanner der éischter Dier stécht och e Pinsel: Zapp deen an d’Waasser a scho kanns de deng Biller faarweg molen – just mat Waasser, einfach magesch! En Tëscheblat verhënnert, datt s de méi Motiver op eemol mools.

 

Vill Spaass!