De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher
24 Dierercher.
Mat 24 Bichelcher.
Mat 24 anere Märercher (wéi am rouden).
Op Lëtzebuergesch!
Well de rouden Adventskalenner mat Kannerbicher vu Kremart 2022 esou e grousse Succès hat, huet de Verlag decidéiert, fir 2023 dee rouden net nëmmen nozedrécken, mee och nach ee bloen erauszebréngen – natierlech mat anere Geschichten an nees zesumme mam englesche Verlag Usborne. 2024 koum dunn nach ee mageschen derbäi, ee fir ze molen!
D’Format vu béide Kalenneren ass identesch: 42 cm héich an 30 cm breet. A se weie bal 1.300 Gramm! Dat Bescht ass awer dat, wat sech hannert de 24 Diere verstoppt: 24 kleng Bichelcher mat allkéiers enger Geschicht dran, nämlech engem flotte Märchen oder enger flotter Geschicht op Lëtzebuergesch!
De bloen Adventskalenner mat Kannerbicher
24 aner Märercher op Lëtzebuergesch
ISBN 978-2-919781-50-8
27 Euro
————————————————
Hei e Bléck an déi englesch Versioun vum roude Kalenner vun Usborne:
————————————————
HIWEIS
Déi dräi Adventskalennere vu Kremart missten elo an deene meeschte Librairien ze kréie sinn. Och op letzshop.lu si se ze fannen a se kënnen och beim Verlag selwer bestallt ginn (am beschte via Mail op kontakt@kremart.lu). Mir hunn och wëlles, den Adventskalenner mat op d’Walfer Bicherdeeg de 16. a 17. November 2024 ze huelen.
Hei geet et bei de rouden Adventskalenner
An hei geet et bei de mageschen Adventskalenner