No Allerhellege gëtt et eescht fir d’Buchbranche, dofir hei e klengen Iwwerbléck: 1. Walfer Bicherdeeg Déi sinn dëst Joer den 18. an 19. November. Samschdes vun 10 bis 19 Auer a sonndes vun 10 bis 18 Auer. De Motto 2023 heescht: “D’Welt zielen, d’Welt liesen.” Kremart ass wéi all Joer mat um Dill, Dir fannt eis an der grousser Hal vun de Verlagen an och an der Hal ...
Weider liesenNews
September-Oktober: 3 Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik
D’Schoul fänkt nees un an d’Bibliothéik gëtt nees lieweg: Fir d’Rentrée 2023 gëtt et direkt 3 verschidde Liesunge fir Kanner an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster (Flyer/PDF). Samschdeg, 30. September: Déi kleng Prinzessin an de Kuakerino Gelies vum Christiane Kremer Déi kleng Prinzessin: Ech war dat net! Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och ...
Weider liesenLiesmatinée zu Lënster (22. Abrëll) a Soirée littéraire zu Leideleng (25. Abrëll)
Kremart freet sech, Iech op zwou Liesunge fir Erwuessener anzelueden: E Samschdeg, den 22. Abrëll 2023 ëm 10:30 Auer De Pit Schlechter, Auteur vum „Fléiepëlz“ a Buchpräis-Gewënner 2022, liest an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel „Am Duerf“ zu Jonglënster Programm: No enger kuerzer Virstellung vum Auteur vu Schous duerch de Luc Marteling liest de Pit Schlechter e Grapp Texter ...
Weider liesenLauter Liesungen …
Mir freeën eis, Iech op eng ganz Rëtsch Liesungen an den nächsten Deeg, Wochen a Méint hinzeweisen. Fir Kleng a Grouss! – Samschdeg, 1. Abrëll ëm 11 Auer zu Lënster: Liesung fir Kanner – Sonndeg, 2. Abrëll ëm 14:30 an ëm 15:15 Auer zu Biwer: Liesung fir Kanner (3-7 Joer) an dono fir Erwuessener – Samschdeg, 22. Abrëll ëm 10:30 Auer zu Lënster: Liesung Pit Schlechter, ...
Weider liesen“Lëtzeboia Paranoia”: Liesung den 28. Februar am CNL zu Miersch
De Guy Rewenig an de Pit Schlechter liesen zesummen aus hiren neie Bicher: Lëtzeboia Paranoia heescht hir Liesung den Dënschdeg, 28. Februar 2023 ëm 19:30 Auer am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch. (Eng Umeldung ass net néideg, mee wier sécher eng Plaz wëllt kréien, deen ass am beschte fréi un.) Et geet vill ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Wierk De Fléiepëlz – E Lëtzebuerger Orbis ...
Weider liesenLiesung “De Bicherbus” zu Ettelbréck
Déi éischt Kremart-Liesung 2023: En Dënschdeg, 24. Januar liest d’Christiane Kremer ëm 19:30 Auer aus sengem Roman “De Bicherbus” (Serie Kanephora, 2020) an der Bibliothéik zu Ettelbréck.
Weider liesen2023 gëtt FAARWEG! (Hoffentlech)
Léif alleguer, hoffentlech gëtt 2023 e faarwegt Joer. Mir maachen op alle Fall eist Bescht, fir Faarf an d’Spill ze bréngen! 🏳️🌈 An dat mat dëse Bicher 📚: 1. WÉI EEN E REEBOU FÄNKT 🌈 🌈 🌈 Eis éischt neit Buch fir dat neit Joer ass eis éischt SUPERFLOTT Koproduktioun mat “Oxford University Press”: D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat ...
Weider liesenDe Kremart-Katalog 2023 fir erofzelueden
Eng grouss 10 steet um Cover vum neie Katalog vu Kremart. Firwat? Ma et ass de Katalog fir 2023 an 2023 feiert dee klenge Verlag scho seng 10 Joer! Dorop gëtt dann och direkt am Virwuert agaangen. Iwwerschrëft: “Wat opweises?!” Natierlech gëtt de Katalog och en Iwwerbléck iwwer sämtlech Bicher, déi aktuell nach vu Kremart ze kréie sinn – vun de Kannerbicher, mat deenen et ...
Weider liesenPrix Arts et Lettres fir “Das Gangrän” vum Maxime Weber
Mat senger spekulativer Fiktioun “Das Gangrän” hat de Maxime Weber 2021 en Debutroman publizéiert, deen net nëmme bei enger klenger Fan-Community gutt ukomm ass, mee och doriwwer eraus Lieser begeeschtert huet. Wéi gutt d’Wierk vum jonken Auteur ass, gouf elo ënnerstrach, well et gëtt priméiert mam Prix Arts et Lettres vun der Section des Arts et des Lettres vum Institut ...
Weider liesen