News

-

Hei eroflueden: De Coronavirus – E Buch fir Kanner

Déi aktuell Situatioun ass esou aussergewéinlech, datt een se de Kanner net dacks genuch kann erklären. Fir datt si se verstinn a besser domat kënnen ëmgoen. Aus deem Grond huet de klenge Lëtzebuerger Verlag Kremart Edition – am Abrëll 2019 – d’Initiativ vum klengen, onofhängege Londoner Verlag Nosy Crow opgegraff, an säi Kannerbuch iwwer DE CORONAVIRUS op Lëtzebuergesch iwwersat. Et ...

Weider liesen
-

Wëllt Dir DE LOBO an aner Geschichte virgelies kréien?

Dat geet um Youtube-Channel vum CNL, dem Nationale Lieraturzenter vu Miersch, deen extra fir d’Zäit vum Corona-Virus, also fir d’Zäit ouni Schoulen, ouni Bibliothéiken, ouni Librairien, ouni ëffentlech Liesungen eng Online-Plattform an d’Liewe geruff huet, fir datt d’Literatur bei d’Leit komme kann – an éischter Linn elo mol bei déi Kleng. Gläichzäiteg wëll ...

Weider liesen
-

Kremart op Letzshop: Bicher gratis bestellen!

Vun elo u kënnt Dir d’Bicher vu Kremart Edition net nëmmen an de Lëtzebuerger Librairië fannen, ma och op letzshop.lu – an zwar ganz einfach hei: https://letzshop.lu/de/luxembourg/vendors/kremart-edition Mir sinn och elo drop: @KremartE goes @LetzshopLux!Einfach an onkomplizéiert – iwwerzeegt Iech selwer, vum Site 🖥️ a vun eise Bicher 📚, mir freeën eis op Iech 😍: ...

Weider liesen
-

Dat si Fënsteren! Elmar-Style an der Belle Étoile

Wann dat keng smart Vitrinn ass! Den Ernster an der Belle Etoile ass dëser Deeg ganz am Kremart-Look: Mat eise faarwege Smart-Bicher, dem faarweg karéierten Elmar, der rabbelkäppeger Prinzessin an och soss nach e sëllege Bicher, déi kleng a grouss Liesfrënn frou maachen. Kommt entdeckt se: Vu “Lobo” an “Eng Strooss, déi lieft”, iwwer d’Häerz-Buch a “brèves ...

Weider liesen
-

Besonnesch an der Grippesaison: d’Hänn wäschen!

Iwwerall héiert a liest een den Ament, datt d’Hännwäschen elo grad besonnesch wichteg ass, well mir an der Grippesaison sinn. Wann ee seng Hänn reegelméisseg wäscht, iwwerdréit ee manner Krankheeten. Dat huet och Déi Kleng Prinzessin musse léieren, well den Tony Ross huet hir an der Geschicht “Ech wëll meng Hänn net wäschen!” erkläert, firwat dat awer wichteg ass. An um ...

Weider liesen
-

A genee zwee Méint: Den Dag vum Buch

Den 23. Abrëll gëtt all Joers un d’Buch erënnert an un d’Droit-auteuren. Zu Lëtzebuerg ginn d'”Journées du livre et du droit d’auteur” dëst Joer tëscht dem 20. an dem 26. Abrëll organiséiert. Wie fir den 23. Abrëll eng Aktivitéit sicht, fir doheem oder an der Schoul, deem sief d’Buch “Wann ech e Buch wier” vum José Jorge Letria (Text) an André Letria ...

Weider liesen
-

Wat fir eng faarweg Vitrinn zu Ettelbréck!

Wann eis Bicher esou an Zeen gesat ginn, mécht dat natierlech Freed. Merci! Fir Kleng a Grouss: Esou faarweg ass d'Welt vu Kremart! Vitrinn vun @LibErnster gesinn zu #Ettelbréck. Dat mécht natierlech Freed! Den Iwwerbléck iwwer eis Bicher gëtt et op https://t.co/xqTrpnXn7P an eise Katalog (PDF) fannt Dir (bis den 22.2.2020) hei: https://t.co/f7DeqgFSev pic.twitter.com/fDdX5BPh3Q — ...

Weider liesen
-

Musel-Sauer Mediathéik: Alain Atten mat “Déi Säit dem Scheet”

Eng literaresch a linguistesch Rees gëtt et den Donneschdeg, 13. Februar ëm 19 Auer zu Waasserbëlleg an der Musel-Sauer Mediathéik (25, Grand-Rue). De bekannte Sproochmates Alain Atten liest dann aus “Déi Säit dem Scheet”, enger Novell, déi den Auteur an där aler Sprooch vun Esch am Lach, ma och a villen anere Sprooche vun deemools geschriwwen huet. Seng Geschicht spillt nämlech ...

Weider liesen
-

Kremart @ Kannerbicherdag zu Diddeleng

Haut, Samschdeg, 25. Januar 2019 ass Kremart de ganzen Dag iwwer zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz Kannerbicherdag! Mat ville flotte Bicher: #Lobo #Elmar #KlengPrinzessin #Schusch #Kuakerino #BuchmamZuch etc. Méi Infoen hei: https://opderschmelz.lu/agenda/1368_10

Weider liesen
-

All Guddes a vill flott Bicher fir 2020!

Kremart wënscht … den Titel vum Timba-Buch Nummer 4: “Vill Gléck am neie Joer”, vum Sophie Gitzinger, och wann d’Buch vill méi eng intensiv Rees ass, wéi een et op den éischte Bléck menge géif … Freet Iech fir 2020 net nëmmen op nei Kannerbicher, ma och op nei Wierker an eise Serie KANEPHORA an TIMBA, dat nodeems mir ewell Enn 2019 richteg vill Nouveautéiten ...

Weider liesen