Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch an un der Lëtzebuerger Literatur ass grouss. Dat ass op d’mannst de Constat, deen een aus de Verkafschiffrë vun der Serie Smart Kremart kann zéien: Vun de klenge faarwege Bichelcher mat allkéiers enger Kuerzgeschicht op Lëtzebuergesch goufen antëschent iwwer 33.000 Exemplairë verkaaft. Scho viru Joren hat den deemolegen Direkter vum CNL, Claude ...
Weider liesenNews
De Coronavirus an de Covid: E Buch iwwer d’Pandemie fir Kanner
Wat ass de Covid? A firwat schwätzt jiddereen dovun? Mat engagéierten Illustratioune vum Axel Scheffler, dem Zeechner vum „Grüffelo“, hëlleft dëst Buch, Äntwerten ze ginn op déi Froen an op vill anerer. Et koum am Joer 2020 an digitaler Form eraus a gouf elo am Mee 2021 aktualiséiert. Et gëtt kloer Informatiounen iwwer de Covid-19 a seng Auswierkungen – an dat aus gesondheetlecher Perspektiv, ...
Weider liesenKleng Prinzessin an Elefant Elmar: Mol-Flyeren, gratis!
Dir sidd frou mat dem Tony Ross senger klenger Prinzessin an dem David McKee sengem faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir elo hei eppes fir Iech: Flyere mat Molbiller an der Mëtt. Elo an Ärer Librairie an hei drënner och als Download – natierlech gratis! Mol-Flyer Elmar Mol-Flyer Kleng Prinzessin Déi bannescht Säit ass fir auszemolen. Vill Spaass beim Molen!
Weider liesenOp der Sich no engem Kaddo fir Ouschterdag?
Hei eis Virschléi!
Weider liesenGeckeg Geschichten, perfekt fir d’Fuesent!
Dir sidd frou mat verréckte Geschichten? A mat kuerze Geschichte virum Schlofegoen? Dann ass dat hei dat perfekt Buch: “Nach eng kleng Geschicht … an da séier an d’Bett!” passt och super an d’Fueszäit. Well déi turbulent Episoden hunn et a sech: Esou wuel an “En Ausfluch mam Vëlo” an an “D’Ballerinnen” wéi och an “E Stuerm am ...
Weider liesenMat Gefill(er): Dat perfekt Buch fir Vältesdag
Dir sidd nach op der Sich no engem Kaddo fir Vältesdag/Valentinsdag? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech: “A mengem klengen Häerz”! E Buch mat Gefill a mat Gefiller, iwwerzeegt Iech selwer: Haut man ech d’Dier vu mengem Häerz wäit op. Kuckt, wat sech alles doranner verstoppt: Kreesch vu Freed an Tréine vu Leed; mol gëtt aus Angscht déck dora geziddert, mol spillt et engem ...
Weider liesenDEN ELMAR geet trëppelen … a begéint e Friemen
Ëmmer aktuell sinn déi zwee lescht Elmar-Bicher, déi Kremart presentéiert huet: D’Aventurë vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant hunn einfach eppes Zäitloses! Awer der Rei no: Den Elmar ass op engem klengen Trëppeltour a gesäit an héiert fantastesch Saachen. Mä déi aner Déiere sinn ze beschäftegt, fir stoen ze bleiwen a se mat him ze genéissen. Erënnert dat dech un näischt? ...
Weider liesenELMAR: Molbiller, fir erofzelueden
Hei e puer Virlagen, déi just drop waarden, faarweg gemoolt ze ginn: (Hei gëtt et weider Informatiounen iwwer d’Elmar-Bicher) ELMAR: PDF, fir erofzelueden ELEFANTEN: PDF, fir erofzelueden Kaart: PDF, fir erofzelueden LABYRINTH: PDF, fir erofzelueden
Weider liesenKremart Edition bei Reading Luxembourg
“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti, “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schatz (Kannerbuch) an “da ist was im busch” vum Tania Naskandy waren am “internationale” Kremart-Katalog vu Reading Luxembourg Hei de PDF als Download. An hei den ISSUU-Link, do fënnt een och d’Kataloge vun anere Verlagen:
Weider liesen“Lies a fléi”: De Katalog vun de Kannerbicher
Dir sidd op der Sich no engem Iwwerbléck iwwer sämtlech Kannerbicher, déi zu Lëtzebuerg erauskomm an nach ëmmer ze kréie sinn? Dann ass de Katalog 2020 “Lies a fléi” genee dat richteg. Op 128 Säite bitt e kuerz Infoe vun de Kannerbicher. Erausbruecht huet en den Educatiounsministère an op deem sengem Internetsite ass en och gratis erofzelueden: De “Lies a fléi” um Site ...
Weider liesen