Liesung zu Lënster: Neien Elmar an nei Prinzessin

Loscht op eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin a vum faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech!

Um Samschdeg, de 24. September um 10.30 Auer stelle mir an der Lënster Bibliothéik 2 nei Bicher vir: “Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!” an “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung”. Ausserdeem gi gelies: “Blosen, tréischten, Plooschter drop”, “D’Buedwaassa-Monsta” a vläit och nach “Poli & Maisy” …

Rendez-vous an der Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” (8, rue du Village). Den Entrée ass fräi an deen Dag ass virum Kulturzenter och Maart!

Den Dag drop stelle mir béid Nouveautéiten och zu Bäerdref am spektakulären Aquatower vir! Dofir muss ee sech awer umellen, all Infoen hei!

liesung_lenster_24sep2016-1