Kannerbuch “De Coronavirus” elo och a Gebäerdesprooch

D’E-Book “De Coronavirus – E Buch fir Kanner” vum englesche Verlag Nosy Crow, dat Kremart Edition an der Zäit vum Confinement op Lëtzebuergesch iwwersat hat, gëtt et elo och a Gebäerdesprooch. Realiséiert gouf dëse Projet vun der Hörgeschädigten-Beratung zu Steesel. Hei geet et bei d’Video-Clippen.

Weider Infoen iwwer déi lëtzebuergesch Versioun vum Coronavirus-Kannerbuch gëtt et hei (mat villen anere praktesche Linken). D’Buch ass just als PDF disponibel, eng pabeiers Versioun gëtt et net. Dofir kann een d’E-Book awer gratis eroflueden op kremart.lu an um Site vun Nosy Crow och an e sëllegen anere Sproochen.

Den Echo an der Corona-Zäit war enorm …