De Coronavirus an de Covid: E Buch iwwer d’Pandemie fir Kanner

Wat ass de Covid? A firwat schwätzt jiddereen dovun? Mat engagéierten Illustratioune vum Axel Scheffler, dem Zeechner vum „Grüffelo“, hëlleft dëst Buch, Äntwerten ze ginn op déi Froen an op vill anerer.

Et koum am Joer 2020 an digitaler Form eraus a gouf elo am Mee 2021 aktualiséiert. Et gëtt kloer Informatiounen iwwer de Covid-19 a seng Auswierkungen – an dat aus gesondheetlecher Perspektiv, awer och aus der Siicht vum Zesummeliewen am Alldag.

E sëllegen Experten (aus Groussbritannien) hunn un dësem Buch vum englesche Verlag Nosy Crow matgeschafft. Kremart Edition huet et op Lëtzebuergesch iwwersat. Déi éischt Oplo war am Confinement zejoert op groussen Interessi gestouss. Genee wéi si ass och déi aktualiséiert an erweidert Oplo nees gratis als PDF ze kréien.

D’Bichelchen ass ideal, fir de Kanner d’Pandemie ze erklären a mat hinnen iwwer déi aktuell Ausnamesituatioun ze schwätzen.

De Londoner Verlag Nosy Crow huet dëst Buch um Ufank vun der Pandemie séier realiséiert, fir de Kanner an de Familljen an der Corona-Zäit ze hëllefen. Elo gouf et iwwerschafft. Jiddereen, deen doru matgeschafft huet, huet dat benevole gemaach. Dat gëllt och fir de Verlag Kremart Edition, deen d’Buch op Lëtzebuergesch iwwersat huet.

IWWER D’EDITEUREN

Nosy Crow ass e klengen, onofhängege Verlag vu London, dee Kannerbicher erausbréngt a schonn e sëllege Präisser gewonnen huet. De Verlag huet dëst digitaalt Buch gratis erausbruecht, well en dovun iwwerzeegt ass, datt et de Kanner an den Eltere kann nëtzlech sinn. Nosy Crow bréngt vill verschidde Bicher eraus fir Kanner tëscht 0 an 12 Joer. Dir fannt se hei: www.nosycrow.com.

Kremart Edition ass e klenge Verlag zu Lëtzebuerg, deen 2013 gegrënnt gouf. Kremart bréngt eege Bicher eraus fir Erwuessener a fir Kanner a fir Kanner och Iwwersetzunge vun internationalen Titelen. Kremart huet och scho mat Nosy Crow zesummegeschafft („Am Zoo“, „Eng Strooss, déi lieft“) an d’Initiativ vum Partnerverlag begréisst, fir dës Coronavirus-Geschicht op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen a gratis zur Verfügung ze stellen. D’Bicher vu Kremart fannt Dir hei: Bicher a Kannerbicher.

ANER SPROOCHEN

Eng éischt Versioun vun dësem digitale Buch gouf vu Verlagen op der ganzer Welt an iwwer 60 Sproochen iwwersat, dorënner och Lëtzebuergesch.

Hei eroflueden: De Coronavirus – E Buch fir Kanner

Eng komplett Iwwersiicht iwwer d’Iwwersetzunge fannt Dir um Site vun Nosy Crow.

Vun der Hörgeschädigten-Beratung zu Steesel gouf och eng Versioun a Gebäerdesprooch realiséiert.

Kannerbuch “De Coronavirus” elo och a Gebäerdesprooch