News

-

Wann der grillt oder Iech grillt …

… dann duerfe si net feelen!          Och am SUMMER: Bleift SMART! Fir de Grill, d’Plage, de Camping oder whatever hu mir elo um Menu du jour: Smart 18, Smart 19 a Smart 20: G U D D E N   A P P E T I T ! Zesumme mat de Bichelcher 14, 15, 16 a 17 bilden 18, 19 an 20 dee fulminanten Ofschloss vun der Smart-Serie: Natierlech sinn och d’Bänn 1 bis 13 nach ëmmer frësch a ...

Weider liesen
-

Den Elmar ass gutt ukomm :-)

Am Bëschprécoce vun der Villa Mirabella zu Wolz oder Wooltz hu sech d’Kanner an och d’Claudine Braun an d’Andrea Huppertz iwwert den “Elmar an Course” gefreet. Wat eis natierlech och freet! Si hate beim Elmar-Dag matgemaach a gewonnen. Mir wënsche vill Spaass mam karéierten Elefant!

Weider liesen
-

Kremart @ Maacher Braderie

Um Sonndeg, 30. Juli kënnt Dir eis zu Maacher an der Foussgängerzon fannen! Wéi ewell déi lescht zwee Joer si mir zu Gréiwemaacher op der Braderie! (Awer just, wann et net reent, well eis Bicher sinn net frou mat Fiichtegkeet.) Hoffentlech gesi mer eis 🙂  

Weider liesen
-

3 Mol Nummer 1 op der Juni-Bestsellerlëscht: Merci!!!

Léif Leit, net schlecht gestaunt hu mer, wéi mer d’Bestsellerlëscht vum Mount Juni gesinn hunn! 3 Kremart-Bicher op enger éischter Plaz an net manner ewéi 7 Bicher op de Lëschten – MERCI!!! Besonnesch gefreet huet eis natierlech, datt déi 3 lescht Bicher aus der Serie “Smart Kremart” et direkt no hirer Publikatioun op déi begierte Lëscht gepackt hunn 🙂 .. mir hoffen, ...

Weider liesen
-

“Die verflixte Nummer 6”

D’Serie “Smart Kremart” ass jo antëscht komplett, déi 20 Bänn sinn do! Wann ee se niefteneen hält oder stellt, lénks Nummer 1 a riets Nummer 20, dann entsteet duerch déi eenzel Ausschnëtter um Réck vun de Bicher e Blat, dat e bëssen un Efeu erënnert an esou ausgesäit wéi en Häerz – et ass en ALDUSBLAT! Leider gouf et beim Buch Nummer 6, ...

Weider liesen
-

16 vun 20

Fir den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart by Kremart Edition” waren net manner ewéi 16 vun den 20 Smart-Auteuren op Miersch an de Centre national de Littérature komm. MERCI! D’Smart-Serie, dat si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Bis op d’Auteure vun de Bänn 2, 12, 14 a 17 konnte se all kommen – a se hu sech esouguer der Rei no opgestallt, also vu riets no ...

Weider liesen
-

MERCI allen Ënnerstëtzer vun der Smart-Serie

Ëmmer un eis gegleeft huet den Nationale Kulturfong! All Buch oder all Jet vu Bicher, ob 2, 3 oder 4, huet de Focuna subventionéiert. Dat huet eis Sécherheet ginn a mir hunn doran eng Unerkennung gesinn an doraus Motivatioun gezaapt. Ma och privat Sponsoren hunn eis ënnerstëtzt – Drees & Sommer, Luxport, Ost manufaktur, SkyCom, Cogeco, Mim Feitler Immobilière, VANB Home Interior, Coviva, ...

Weider liesen
-

Kommt op Esch fir “Brèves [re]trouvailles”

De Verlag Kremart Edition ass frou, Iech op eng ëffentlech Buchpresentatioun z’invitéieren: “Brèves [re]trouvailles” de Samschdeg, 17. Juni um 15 Auer zu Esch an der Kulturfabrik Am Kader vum lokale Maart “Lët’z Go Local” zu Esch an der Kulturfabrik stelle mir dat neit Buch vum Laurence Klopp vir. Um 15 Auer sinn d’Autorin an d’Illustratorin ...

Weider liesen
-

Kremart goes CNL: 3 x Smart + André Mergenthaler

En Dënschdeg, 20. Juni um 19.30 ass et esou wäit: Am “Centre national de Littérature” zu Miersch ginn dann déi 3 lescht Smart-Bicher virgestallt! Kommt laanscht, den Entrée ass gratis, jidderee kritt e Souvenir an et gëtt och net just gelies, well um Cello spillt den André Mergenthaler! Den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart” maachen: SMART 18: “Fuck” ...

Weider liesen