Kommt besicht eis! Kremart Edition ass dëse Sonndeg, 21. Mee zu Kielen um KuKi, also um Konscht- a Kulturfestival Kielen. Wéini? Vun 11 bis 19 Auer Wou? Galerie bei der Kierch Musekssall Brennereimusée an de Strosse ronderëm d’Broutgaass an d’Häregaass Offiziell Ouverture? 11 Auer Programm? Fun Brass Band Stelzentheater Circolo Das Universal Druckluft ...
Weider liesenNews
Liesung a Concours: Kremart feiert den Elmar-Dag!
De Samschdeg, 27. Mee feiert den englesche Verlag vum David McKee sengen Elmar-Bicher, Andersen Press, den “Elmar-Dag”, bei hinnen da logescherweis “Elmer Day” genannt. Si hunn dofir dem ganze Land en Elmar-Look verpasst 🙂 Esou wäit gi mir bei Kremart Edition net, ma well bei eis den Elmar Lëtzebuergesch geléiert huet, feiere mir awer mat! Zum Beispill mat enger ...
Weider liesenGanz flott Prinzessinne-Liesung zu Lënster
Eng Liesung fir kleng a grouss Prinzessinnen an natierlech och fir Bouwe gouf et de Samschdeg, 29. Abrëll um 10.30 Auer zu Jonglënster an der Lënster Bibliothéik am Centre culturel “Am Duerf” (Rue du Village). D’Christiane Kremer huet do déi geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, déi si bis elo op Lëtzebuergesch iwwersat huet, virgelies: ...
Weider liesenBicher an der Belle Étoile
Vum 9. bis den 13. Mee ass beim Ernster an der Belle Étoile eng méi lass – do gëtt et dann nämlech allerlee Animatioune ronderëm d’Buch. Fir Kremart ass d’Christiane Kremer direkt den éischten Dag do, fir den Optakt um Dënschdeg, 9. Mee um 15 Auer. Mat Geschichte vun der “Klenger Prinzessin” vum Tony Ross, mam David McKee sengem “Elmar” an natierlech ...
Weider liesenFangerstempelen ass in!
Mat grousser Freed hu mir am neien “Panewippchen”, Nummer 118 (1/2017), vum “natur musée” an der Rubrik “Kniwwel” eppes iwwer Fangerdéiere gesinn: Abee, am Hierscht bréngt Kremart och e Buch mat Fangerstempelen eraus – an och eise Sujet sinn DÉIEREN! Freet Iech drop, hei e klengen Avant-Goût: D’Buch ass voller fantastesche Virlagen!
Weider liesenFlott Liesungen zu Esch an zu Jonglënster :-)
Um Samschdeg, 25. Mäerz war Kremart moies am Osten a mëttes am Süde vum Land mat Kannerliesungen aktiv. Hei e puer kleng Fotoandréck …
Weider liesenKanner-Liesung zu Esch an der Librairie ABC
Um Samschdeg, 25. Mäerz vu 14 bis zirka 15 Auer si mir zu Esch an der Librairie ABC a liesen do ënnert anerem aus de Kannerbicher “D’Sich vum Pappa Séipäerdchen” a “Jidderee gaapst” a mer presentéieren do och zwee nei Bicher: “Den Elmar an d’Course” an “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll meng Hänn net wäschen!”. Den Entrée ass gratis, ...
Weider liesenMir krute vill Päck …
… an de leschte Wochen an eist Lager bruecht. An anere Wierder: Freet Iech nach op vill flott Geschichte fir Grouss a Kleng, déi am Laf vum Joer nach erauskommen 🙂
Weider liesen5 Leit hu gelies, 50 Leit ware komm …
… am Fong souguer nach e puer méi 🙂 Merci fir dee schéine Liesowend zu Kielen. Ënnert dem Motto “Mënschen, Matmënschen a Bezéiungen” hunn Linda Graf, Laurence Klopp, Josiane Kartheiser a Jean Back an och nach d’Christiane Kremer gelies – am Kader vum Internationale Fraendag. Den Yves Popow huet den Owend musikalesch op der Marimba verschéinert! An heidrëm goung ...
Weider liesenLënster Bibliothéik: 5 Kanner-Liesunge fir 10 Joer
D’Lënster Bibliothéik feiert Gebuertsdag an de Verlag Kremart Edition feiert mat: Zesummen invitéiere si op fënnef Lies-Matinéeë fir Kanner, allkéiers op engem Samschdegmuere vun 10.30 Auer un an allkéiers an der Lënster Bibliothéik am Kulturzenter „Am Duerf“ zu Jonglënster an der Rue du Village. Den Entrée ass fräi! P R O G R A M M Samschdeg, 23. Mäerz um 10h30: Eng Liesung fir déi ganz ...
Weider liesen