News

-

Op der Buchmesse fonnt: Eist “Häerz”

Am Oktober 2015 hat Kremart zu Frankfurt op der Buchmesse e Buch erbléckt, dat direkt e “Coup de coeur” war: “Dans mon petit coeur” huet et passenderweis geheescht a war vum Jo Witek (Text) a Christine Roussey (Illustratiounen) bei de franséischen Éditions de La Martinière Jeunesse erauskomm. Et handelt sech ëm eng méi opwänneg Produktioun, well am Mëttelpunkt vum Buch ...

Weider liesen
-

“Einfach e Glanzstéck”

De Guy Rewenig am Tageblatt iwwer d’Smart-Geschicht FLAKKA (Nummer 17) vum Nico Helminger: Ëm dëst Buch, pardon Bichelche geet et: FLAKKA, Smart 17 Nozeliesen an dëser Bicherbäilag:

Weider liesen
-

Liesung zu Lënster: Neien Elmar an nei Prinzessin

Loscht op eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin a vum faarweg karéierten Elefant Elmar? Dann hu mir hei genee dat Richtegt fir Iech! Um Samschdeg, de 24. September um 10.30 Auer stelle mir an der Lënster Bibliothéik 2 nei Bicher vir: “Déi kleng Prinzessin: Mir ass et schlecht!” an “Den Elmar an d’Iwwerschwemmung”. Ausserdeem gi gelies: “Blosen, ...

Weider liesen
-

“Literatuerm”: Nei Prinzessin an neien Elmar

E Sonndeg, 25. September um 10.30 Auer gëtt et nees eng Lies-Matinée fir Kanner am spektakuläre Kader vum Aquatower zu Bäerdref (106A, rue de Consdorf): 50 Meter iwwerem Buedem kréien déi kleng Geschichte virgelies! Um Programm stinn déi Kéier zwou Nouveautéiten: eng nei Geschicht vun der klenger Prinzessin, “Mir ass et schlecht!” (no “Ech wëll net an d’Bett!” ...

Weider liesen
-

“E Summer wéi eng Saang”

Mat engem Poufert fiert de Bigel vun der Béierfläsch. Den Doudegriewer hëlt zwou gehéiereg Schluppen a stellt déi ugebrache »Clausener« hannescht an de Kierfechtsbur. Deem säi Waasser ass äiskal a gëtt ni temperéiert, och wann d’Luucht driwwer vu Gloust ziddert. E Summer wéi eng Saang! 35 Grad géifen et de Mëtteg, hunn s’am Radio gesot. 30 sinn et der bestëmmt lo schonn ëm eelef Auer. Dat ...

Weider liesen
-

Flott Feedbacken: Dat mécht Freed!

Op der Bestseller-Lëscht fir de Mount August waren déi 4 nei Smart-Bicher alleguer vertrueden: Nummer 14 vum Luc Belling, Nummer 15 vum Tullio Forgiarini, Nummer 16 vum Karin Goedert an Nummer 17 vum Nico Helminger. Dat ass natierlech cool 🙂 Natierlech si sämtlech Smart-Bicher vun 1 bis 17 nach ze kréien! Frou gemaach huet eis och dat, wat de Jeff Baden am Wort iwwert “Allen ...

Weider liesen
-

3 Liesunge fir Kanner zu Lënster beim Equiosk

D’Liesunge sinn ënnert fräiem Himmel, awer just bei guddem Wieder: Mëttwoch, 27. Juli um 15 Auer Donneschdeg, 11. August um 15 Auer Freideg, 9. September um 15 Auer Um Programm z.B. Bicher wéi “De Schudder-Schusch”, “D’Buedwaassa-Monsta”, d’Plooschter-Buch an och nach Elmar-, Kleng-Prinzessin- a Lalumi-Geschichten. Den Entrée ass fräi. Den Equiosk ...

Weider liesen
-

Smart am Summer

Am “Wort” vum Dënschdeg, 19. Juli goufen eng ganz Partie Bicher als “Sommerlektüre” proposéiert. An zu den “schönsten Lesefreuden für den Urlaub” war och eent vun den neie Smart-Bicher: “An elo mol … op Lloret!” vum Luc Belling. Merci! An: Bonne lecture, bonnes vacances!

Weider liesen
-

“Net nëmme flott opgemaach”

Grouss war eis Freed, wéi mir um Samschdeg, 2. Juli am Lëtzebuerger Wort dem Jeff Baden seng Rezensioun iwwer déi 4 neiste Smart-Bicher gelies hunn. Den Titel dovu war: “Net nëmme flott opgemaach”. An an der Intro war ze liesen: “Dës flott opgemaachten an editoresch gefleegt literaresch Rei […] presentéiert bis ewell onverëffentlecht modern Texter vu bekannten, awer ...

Weider liesen
-

2 Nowuesstalenter aus dem LCE

No “Echternach topsecret” (nach just am LCE ze kréien!) koum et elo schonn nees zu enger flotter Collaboratioun tëscht dem Lycée Classique d’Echternach a Kremart Edition: 2 Schüler aus dem LCE hunn 2 Kremart-Bicher illustréiert! D’Tanja Trienekens dem Maryse Krier seng Kuerzgeschichtesammlung “Allen Ernstes” (Kremart Kanephora) an den Hermann Fuchs dem ...

Weider liesen