News

-

Smart am Summer

Am “Wort” vum Dënschdeg, 19. Juli goufen eng ganz Partie Bicher als “Sommerlektüre” proposéiert. An zu den “schönsten Lesefreuden für den Urlaub” war och eent vun den neie Smart-Bicher: “An elo mol … op Lloret!” vum Luc Belling. Merci! An: Bonne lecture, bonnes vacances!

Weider liesen
-

“Net nëmme flott opgemaach”

Grouss war eis Freed, wéi mir um Samschdeg, 2. Juli am Lëtzebuerger Wort dem Jeff Baden seng Rezensioun iwwer déi 4 neiste Smart-Bicher gelies hunn. Den Titel dovu war: “Net nëmme flott opgemaach”. An an der Intro war ze liesen: “Dës flott opgemaachten an editoresch gefleegt literaresch Rei […] presentéiert bis ewell onverëffentlecht modern Texter vu bekannten, awer ...

Weider liesen
-

2 Nowuesstalenter aus dem LCE

No “Echternach topsecret” (nach just am LCE ze kréien!) koum et elo schonn nees zu enger flotter Collaboratioun tëscht dem Lycée Classique d’Echternach a Kremart Edition: 2 Schüler aus dem LCE hunn 2 Kremart-Bicher illustréiert! D’Tanja Trienekens dem Maryse Krier seng Kuerzgeschichtesammlung “Allen Ernstes” (Kremart Kanephora) an den Hermann Fuchs dem ...

Weider liesen
-

Vill Kanner beim “Gepléischters” zu Lënster

Et war déi offiziell Virstellung vum “Plooschterbuch”, dat eigentlech “Blosen, tréischten, Plooschter drop” heescht a 5 Spill-Plooschteren enthält: Iwwer 40 Kanner waren e Samschdeg de Moien, 25. Juni nees an d’Lënster Bibliothéik am Centre culturel “am Duerf” op eis Liesung komm – déi Kéier fir déi blesséiert Déieren ze tréischten an ze ...

Weider liesen
-

Kanephora 3: Buchvorstellung mit Lesung im LCE

“Allen Ernstes” lautet der Titel des neusten Buchs von Maryse Krier. Am kommenden Dienstag, den 28. Juni um 19 Uhr wird es im Spiegelsaal des Lycée Classique d’Echternach vorgestellt. Es ist der dritte Band der Belletristik-Reihe Kremart-Kanephora. Illustriert wurden die ironisch-satirischen Kurzgeschichten über Obsessionen und Besessene von der jungen, talentierten ...

Weider liesen
-

Summerdag vun der Literatur zu Miersch

De Sonndeg, 10. Juli gouf et eng nei Ausgab vum “Summerdag vun der Literatur” am Park vun der Maison Servais zu Miersch. Et gouf bei dëser Versioun nach just een eenzege Podium, op deem Liesung a Gespréich waren. FOTOEN op RTL.lu! Folgend Auteuren hunn um Summerdag aus hire rezente Bicher gelies a sech da während 10 Minutte mat Kritiker ënnerhalen: 11:00 – Claudine Muno: ...

Weider liesen
-

Liesung fir Kanner zu Lënster

Mierkt Iech de Samschdeg, 25. Juni vir: Um 10h30 gëtt dann an der Lënster Bibliothéik am Centre Culturel “am Duerf” (8, rue du Village) dat neiste Kannerbuch vu Kremart Edition virgestallt: Et ass en “Plooschterbuch”, dat eigentlech richteg heescht: “Blosen, tréischten, Plooschter drop“. Ausserdeem gi gelies: “D’Buedwaassa-Monsta” an ...

Weider liesen
-

Gutt Nouvellen aus Italien!

D’Simona Mulazzani huet den italieneschen Andersen Award gewonnen! Dat mécht eis immens frou an och e bëssen houfreg, well d’Simona Mulazzini krut dee Präis fir d’Illustratioun vum Buch “Storia di Goccia e Fiocco”, dat d’Christiane Kremer op Lëtzebuergesch iwwersat huet an dat 2015 bei Kremart Edition ënnert dem Titel “D’Geschicht vun der ...

Weider liesen
-

De Mëttwoch gëtt SMART!

Léif Frënn vum Aquatower a vun der Literatur, sidd derbäi, wann déi 4 nei Bichelcher aus der Serie Smart-Kremart virgestallt ginn! Déi 4 Auteure ginn all e kuerzen Extrait zum Beschten: Smart 14: Luc Belling: An elo mol … op Lloret! Smart 15: Tullio Forgiarini: De Ritter an der Kartongrüstung Smart 16: Karin Goedert: Maacht mir keen Ouer! Smart 17: Nico Helminger: Flakka Duerch den ...

Weider liesen
-

“Ein gelungenes, besinnliches, ganz einfach schönes Buch”

Mat grousser Freed a voller Houfert maache mir op eng Buchkritik vum Marcel Kieffer e Samschdeg an der “Lesezeit” vum “Luxemburger Wort” opmierksam. Doran heescht et ënnert anerem iwwer dem Linda Graf säin neist Buch: „Die Tage, die Dinge“ ist bei dem jungen Verlag Kremart erschienen, der für diese Zusammenarbeit mit Linda Graf ebenso wie für die gelungene Gestaltung ...

Weider liesen