News

-

Lët’z Go Local: Kremart @ Fréijoersfoire

Mir waren 3 Deeg laang am Pop-up-Village vu Lët’z Go Local an der Luxepo! MERCI all deenen, déi eis besicht hunn 🙂 Mir haten all eis nei Bicher derbäi! An Dir konnt souguer mat Kredikaart bezuelen 🙂  

Weider liesen
-

Buchvirstellung a Liesung

Kremart Edition und das Théâtre municipal de la Ville d’Esch-sur-Alzette laden ein: “Der Tag”:    12. April 2016 um 19 Uhr “Das Ding”:  191 Seiten, 8 Episoden, 15 Protagonisten, 1 Buch “Die Tage” sind ein Schwanken zwischen Hoffnung und Zorn, zwischen Versöhnung und Liebe “Die Dinge” sind unverhoffte Begegnungen, unerwiderte Gefühle, ...

Weider liesen
-

Tony Ross @ Kremart Edition

Den TONY ROSS ass bei Kremart Edition gelant! En Vue vum internationale Kannerbuch-Dag den 2. Abrëll stelle mir direkt 2 Bicher vum Tony Ross vir: en neit Wierk an e Klassiker! – D’Buedwaassa-Monsta ass déi genial Geschicht vum Mathis a vum Tunn, déi näischt léiwer maache wéi sech dreckeg a knaschteg. An da musse si an d’Bidden. Ma hues du dech schonn eng Kéier gefrot, wou ...

Weider liesen
-

Schlot en Zalto a sidd smart!

Zwou Liesungen, véierzéng Auteuren: Den 18. Mäerz zu Greiweldeng an den 22. Mäerz zu Rued/Sir Zäitgenëssesch Literatur aus Lëtzebuerg gëtt et op zwee faarwege Lies-Owenter mat allkéiers siwen Auteuren am Oste vum Land: Um Freideg, 18. Mäerz um 19.30 Auer zu Greiweldeng am Haus „An Zammer“ (4, op der Baach; am Eck beim ronne Bur an der Mëtt vum Duerf) liest de Jean Back aus sengem ...

Weider liesen
-

Géint Viruerteeler: Land & Zeit

“Die Zeit” huet sech elo viru Kuerzem mat der Muecht vu Viruerteeler befaast – genee dorëm geet et och an eisem neiste Kannerbuch “De Schudder-Schusch“! Grad an dësen Zäiten eng Lecture, déi ze recommandéieren ass … … esou ähnlech gesäit och d’Josée Hansen dat am “Land” vum 26. Februar 2016:   Den Télécran iwwer de Schusch

Weider liesen
-

Wat e Publikum zu Ettelbréck!

“De Schudder-Schusch” (eng éischte Kéier an enger Liesung), “De Poli an d’Maisy”, “Den Elmar an d’Monster” an “De Kueb Kuiitsch” waren um Samschdeg, 23. Januar 2016 zu Ettelbréck an der Bibliothéik. A si waren net eléng! Merci all de Kanner an hiren Elteren, déi komm waren!

Weider liesen
-

En Elefant an e grousse Vugel uewen am „Aquatower“

Eng Buchvirstellung ronn 50 Meter iwwert dem Buedem: „Den Elmar an dee grousse Vugel“ vum David McKee gëtt am Aquatower offiziell virgestallt. Et ass schonn déi sechst Geschicht vum faarweg karéierten Elefant, déi de Luc Marteling op Lëtzebuergesch iwwersat huet. Gelies ginn awer och nach „De Schudder-Schusch“, eng wonnerbar Geschicht géint falsch Viruerteeler, „De Poli an d’Maisy“ vum ...

Weider liesen
-

“Armagnac” an “Todfeind” am “Kinneksbond”

“Krimis gehören seit Jahren zur einheimischen Buchszene. Die Autoren suchen ihre Motive mal im historischen Rückblick, mal in der Tagesaktualität. Die beiden Schriftsteller die während der Lesung vorgestellt werden, haben in beiden Genres erfolgreich über Mord, Erpressung und Luxemburger Tatorte recherchiert und geschrieben.” Esou stellt de Mamer Kinneksbond säin nächsten – ...

Weider liesen
-

Have a look!

An der neier Revue, der Nummer 2/2016, gëtt de “BookLooker” alias Jérôme Jaminet, portraitréiert. A wann ee genee kuckt, da kann een och erkennen, wéi eng Bicher hien op der Opmaacherfoto am Grapp huet … … hei e klengen Tipp! Erkannt?!? Hei vu gaaaaanz no. Ass dat net smart?

Weider liesen
-

Zalto am Land, Kopplabunz bei Kremart

Décke Merci dem “Lëtzebuerger Land” fir d’Rezensioun vum Charlotte Wirth vum Jean Back sengem “Zalto mortale” (publizéiert an der Nummer 2/2016 vum 8. Januar 2016). Datt den Zalto esou gutt ukënnt, huet eis därmoosse gefreet, datt mer eng Kopplabunz geschloen hunn 🙂 Ganz vill frou gemaach huet eis natierlech och dee Saz, datt dem Jean Back säin “Zalto ...

Weider liesen