Magnum Smart: Eng gutt Lies!

Dir sidd op der Sich nom perfekte Kaddo fir d’Feierdeeg um Enn vum Joer oder fir soss eng Geleeënheet? Dann hu mir hei vläit déi perfekt Iddi: eng schick Këscht mat enger grousser Fläsch a ville klenge Bicher (an engem schwaarzen oder enger wäisser Box)!

Wat ass genee dran: eng Magnum-Fläsch (1,5 l) Riesling 2016 Stadtbredimus Dieffert mat der Mentioun Grand Premier Cru an déi komplett Smart-Serie vun 1 bis 20, vun där jo antëscht iwwer 22.222 Exemplairë verkaaft goufen an déi als déi erfollegräichst Bicher- oder éischter Bichelchers-Serie an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Literatur gëllt!

De Smart-Coffret versprécht also am duebele Sënn: Eng gutt Lies! An dat fir dee schéine Montant vun 88 Euro. Ze kréie beim Verlag KREMART EDITION a beim DOMAINE L&R KOX zu Réimech oder direkt online:

http://www.domainekox.lu/fr/produits-domaine-kox/smart-magnum-box

Op de Walfer Bicherdeeg hu mir d’Smart-Serie an d’Smart-Box presentéiert – a se sinn op groussen Interessi gestouss:

Jemp, Pardon, däi Buch Smart 13 mam Titel “13, Waassergaass” war grad ausverkaaft, wéi d’Foto gemaach gouf! Et ass dat rosat, um Roll-up hannendru gesäit een et. An et ass natierlech nach ze kréien, wéi all d’Smart-Bicher 🙂
– – –
De Coffret “Magnum Smart” ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Domaine L&R KOX vu Réimech a KREMART EDITION – enger Zesummenaarbecht, déi scho méi dacks fir gutt Momenter gesuergt huet, wéi dës Foto hei niewendru beweist … Déi Fläsche goufen eidel gemaach bei der Presentatioun vum Buch “brèves [re]trouvailles” vum Laurence Klopp an Diane Jodes um lokale Maart zu Esch an der Kulturfabrik.
 – – –
Weider Infoen hei:
An natierlech huet déi extra Fläsch och eng extra Etikett:

An opgepasst: Edition limitée!
Weider Infoen iwwert d’Smart-Bicher hei!