NEI: Timba 20, 21 an 22

TIMBA ass den Nofollger vun der hypererfollegräicher Serie SMART a presentéiert wéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Elo sinn d’Nummeren 20, 21 an 22 erauskomm. 2024 gëtt d’Serie mat den Nummeren 23 a 24 ofgeschloss. (Hei geet et bei den Iwwerbléck.)

📙 TIMBA 20 – Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg
ISBN 978-2-919781-20-1, 40 Säiten, 4 Euro

Vun der Stad op d’Musel, vun do erop an d’Éislek, dann erof an de Minett an nees hannescht an d’Stad: Mat engem Ballon an engem Dag duerch ganz Lëtzebuerg fueren? Wat fir eng Iddi! Ma de Globetrotter Dr. Henri N. C. Kerschen léisst sech duerch näischt vu sengem Plang ofb réngen. »Am Ballon iwwer Lëtzebuerg« spillt am Joer 1913 an ass eng eenzegaarteg Odyssee bei Sonn ewéi bei Reen, an der Loft, um Buedem an um Waasser. Voller skuriller Figuren, wéi ee se soss nëmmen an der Reesliteratur fënnt.

📘 TIMBA 21 – Cathy Clement: Rondel
ISBN 978-2-919781-21-8, 40 Säiten, 4 Euro

D’Madamm Finn war hiert Liewe laang fir déi aner do. Mann, Kanner an Aarbecht sinn ëmmer virgaangen. Mee no an no ännert sech alles an d’Josephine muss sech entscheeden: opginn oder en neien Ufank woen?

📕 TIMBA 22 – Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag
ISBN 978-2-919781-22-5, 40 Säiten, 4 Euro

Eng Schockdiagnos hat se viru siwe Joer derzou bruecht, iwwer hiert Liewen nozedenken an hir Geschicht »Vill Gléck am neie Joer« ze erzielen. Zënterhier ass fir d’Protagonistin vill geschitt: Dat geet vun der Sich nom perfekte Mann bis hin zum Gespréich mam Dokter a senger Äntwert op d’Fro: »Wéi laang nach?«

 

– – – – –

Lektorat: Myriam Welschbillig
Layout: Sacha Heck
Drock: Reka

– – – – –

📕📗📘📙 Hei den Iwwerbléck iwwer d’Rei TIMBA 📕📗📘📙

1) Marc Wilwert: De groe Star
ISBN 978-2-919781-01-0, 40 Säiten, 4 Euro

2) Jérôme Netgen: D’Wolleken iwwer Hawaii
ISBN 978-2-919781-02-7, 40 Säiten, 4 Euro

3) Catherine Gitzinger: De Bam
ISBN 978-2-919781-03-4, 40 Säiten, 4 Euro

4) Sophie Gitzinger: Vill Gléck am neie Joer
ISBN 978-2-919781-04-1, 40 Säiten, 4 Euro

5) Luc Marteling: Den nationale Wollef
ISBN 978-2-919781-05-8, 40 Säiten, 4 Euro

6) Roland Meyer: Food Leaks
ISBN 978-2-919781-06-5, 40 Säiten, 4 Euro

7) Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung
ISBN 978-2-919781-07-2, 40 Säiten, 4 Euro

8) Fabienne Hollwege: Lucy Love
ISBN 978-2-919781-08-9, 40 Säiten, 4 Euro

9) Jean Back: De Schapp beim Wal
ISBN 978-2-919781-09-6, 40 Säiten, 4 Euro

10) Joseph Kayser: Déif gekillt
ISBN 978-2-919781-10-2, 40 Säiten, 4 Euro

11) Josiane Kartheiser: Déi nächst Etapp
ISBN 978-2-919781-11-9, 40 Säiten, 4 Euro

12) Romain Butti: Fir wann ech net méi kann
ISBN 978-2-919781-12-6, 40 Säiten, 4 Euro

13) Yorick Schmit: Weeër a Spueren
ISBN 978-2-919781-13-3, 40 Säiten, 4 Euro

14) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung
ISBN 978-2-919781-14-0, 40 Säiten, 4 Euro

15) Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Zweeten Deel: De Seraphin
ISBN 978-2-919781-15-7, 40 Säiten, 4 Euro

16) Bob Kieffer: Rachel
ISBN 978-2-919781-16-4, 40 Säiten, 4 Euro

17) Roland Meyer: Vu Reptiloiden an ale wäisse Männer
ISBN 978-2-919781-17-1, 40 Säiten, 4 Euro

18) Katharina Bintz: Valley Girl
ISBN 978-2-919781-18-8, 40 Säiten, 4 Euro

19) Jackie Messerich: Pappendag
ISBN 978-2-919781-19-5, 40 Säiten, 4 Euro

20) Romain Haas: Am Ballon iwwer Lëtzebuerg
ISBN 978-2-919781-20-1, 40 Säiten, 4 Euro

21) Cathy Clement: Rondel
ISBN 978-2-919781-21-8, 40 Säiten, 4 Euro

22) Sophie Gitzinger: Vill Gléck fir de Gebuertsdag
ISBN 978-2-919781-22-5, 40 Säiten, 4 Euro

Erschéngen am Laf vum Joer 2024:

23) Jérôme Netgen: Komm zeréck, Stevie Ray
ISBN 978-2-919781-23-2

24) Christiane Kremer: Gëff mer (k)eng Bees
ISBN 978-2-919781-24-9