Claude, Merci fir d’Foto 😉
Weider liesenNews
Kannerliesung zu Réimech de 5. Mee um 10 Auer
“So mol, Lobo”, “Déi kleng Prinzessin: Ech wëll eng Gutt-Nuecht-Geschicht”, “Den Elmar an dee Friemen” an “Nach eng kleng Geschicht …” an an an … dat sinn ënner anerem d’Geschichten, déi e Sonndeg de 5. Mee tëscht 10.00 an 11.30 Auer gelies ginn zu Réimech am Centre Visit Réimech 1, Route du Vin. Den Entrée ass 5€ fir ...
Weider liesenLiesung beim Erny Ernster den 20. Abrëll
Liesung beim Erny Ernster an der Belle Etoile … Op Besuch déi kleng Prinzessin, de Lobo an aner géckeg Geschichten! Einfach lauschtere komme vu 15 Auer un! Erny Ernster an der Belle Etoile invitéiert op d’Kannerliesung! E Samschden, den 20 Abrëll! Vu 15 Auer u liest am Erny Ernster Belle Etoile d’Christiane Kremer aus hiren eegenen an aus iwwersate Bicher vir.
Weider liesen23. Abrëll zu Beetebuerg: En Owend fir de Josy Braun
„Queesch derduerch“ heescht den Owend fir de Josy Braun, de Journalist, Kabarettist, Linguist, Schrëftsteller an och Beetebuerger. Um Dag vum Buch, den 23. Abrëll gëtt um 20 Auer zu Beetebuerg am Kader vun der LiteraTour am Literatur-Café un hien erënnert. De Josy Braun (1938-2012) war ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren an huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, ...
Weider liesenDonneschdeg, 25. Abrëll: Den Alain Atten liest zu Mäertert
Den Alain Atten liest aus „Alle véierzéin“ an aus „Déisäit dem Schiet“ an zwar en Donneschdeg, 25. Abrëll um 19.30 Auer zu Mäertert am Centre culturel an der Rue du Parc. De Sproochmates hëlt Iech mat an eng Rees duerch Zäit a Raum: A senger Novell „Alle véierzéien“ geet seng Zäitrees an d’15. Joerhonnert a féiert vun der Meuse bis op d’Musel. Si spillt an iser Géigend! A bleift dofir ...
Weider liesen“So mol, Lobo!” Mat alle Sënner liesen zu Maacher
“Mat alle Sënner liesen” ass de Motto vum Weltdag vum Buch an Droit d’Auteur 2019. Um Programm zu Gréiwemaacher stinn ë.a. zwou Liesunge mam Christiane Kremer, dat hiert Kannerbuch “So Mol, Lobo!” virstellt (héieren). Am ExpoCube vum Kulturhuef Musée ginn déi flott Illustratiounen aus der Fieder vum Vincent Biwer ausgestallt (kucken). Weider geet et mat enger ...
Weider liesen3 Kannerliesungen op engem Weekend
De Weekend vum 23. a 24. Mäerz war Kremart vill ënnerwee: Um Samschdeg de Moien huet d’Christiane Kremer an der Cité-Bibliothéik an der Stad gelies, um Nomëtten de Luc Marteling op der Bio-Bourse um Kass-Haff zu Rolleng bei Miersch an um Sonndeg de Moie stoung nees eng Lies-Matiné am Aquatower zu Bäerdref um Programm … mat Mëscht a Schocki! Zu Éiere koumen: Lobo, Lalumi, Linn ...
Weider liesenKremart @ lokale Maart zu Ettelbréck
De Weekend vum 2. an 3. Mäerz ass zu Ettelbréck an den Däichhalen nees eng méi lass: Dann ass do nees DE LOKALE MAART a Kremart Edition ass natierlech och nees derbäi. Um Samschdeg an um Sonndeg vun 10 bis 18 Auer erwaarden Iech eng 70 Stänn mat lokale Produiten! Kommt laanscht, den Entrée an de Parking si fräi – mir freeën eis op Iech!
Weider liesenKremart @ Kannerbicherdag: Mat Liesung an neie Bicher!
ET WAR TOPP – MERCI! 🙂 – – – – E Samschdeg, 26. Januar ass et nees esou wäit: Zu Diddeleng am Kulturzenter opderschmelz dréit sech dann nees alles ëm Kannerbicher, well dann ass do de Kannerbicherdag 2019 mat Liesungen, Atelieren, Stänn … Vill Verlage sinn um Rendez-vous a Kremart Edition ass mat vill Freed och nees derbäi! Am Gepäck hu mer zwee ganz nei ...
Weider liesenSmart-News: All Guddes fir 2019!
Dir Dammen an Dir Hären, mir si frou, Iech e puer Informatiounen iwwer eis Bicher-Rei “Smart Kremart by Kremart Edition” zoukommen ze loossen. Den Direkter vum Nationale Literaturzenter zu Miersch, de Claude D. Conter, hat d’Serie, déi am Summer 2017 offiziell ofgeschloss gouf, als “déi erfollegräichst Serie an der Lëtzebuerger Literatur-Geschicht” bezeechent. An ...
Weider liesen