News

-

“Literatuerm” mat engem neien Elmar am Aquatower

Um Sonndeg de Moien, 23. September gëtt et fir Kanner vun 3 bis 7 Joer eng Lies-Matinée 50 Meter iwwert dem Buedem. Vun 10.30 bis 12 Auer. Um Programm stinn: – eng nei Story vum faarweg karéierten Elefant Elmar: “Den Elmar an de Reebou” – déi zwou flott Geschichten “Den Elmar an de Päiperlek” an “Den Elmar an d’Course” – an eng Geschicht ...

Weider liesen
-

Direkt 3 nei Kannerbicher am September!

Léif Lieser, freet Iech op vill nei Bicher am Hierscht! Mir starten am September mat direkt 3 neie Geschichte fir Kanner: Lassgeet et mat enger weiderer Aventure vum David McKee sengem faarwegen Elefant Elmar: “Den Elmar an de Reebou” heescht et déi Kéier. Virgestallt gëtt d’Geschicht bei enger Liesmatinée den 23. September am Aquatower! (ISBN 978-99959-39-87-8, 12,95 ...

Weider liesen
-

A wat läit dann do an der Mall?

Kanner, freet iech drop! Geschwënn ass et nees ze kréien: D’BUCH MAM ZUCH!!! Mir hunn eise Bestseller nämlech nodrécke gelooss – FIR IECH 🙂 A wéi der op der Foto hei gesitt, en ass ewell ukomm!!! … natierlech dierfen och nees d’Pappen zouschloen 😉

Weider liesen
-

Wann et kee Wuert gëtt, dann zwaff der eent :-)

Wéi mir fir iwwerem Iwwersetze vun engem pedagogesche Billerbuch vu Ravensburger no engem lëtzebuergesche Wuert fir “Gabelstapler” gesicht hunn, hu mir den Alain Atten ëm Hëllef gefrot an hunn eis du fir “Gafeltässeler” entscheet. Awer mat den Alternativen: Gabelstaapler a Clark 🙂 Dat ass de Virdeel, wann een an enger Sprooch ënnerwee ass, déi nach ëmmer am Op- an ...

Weider liesen
-

TIMBA um Radio 100,7 an op Radio Lëtzebuerg

D’Valerija Berdi vum Radio 100,7 huet sech mat eiser neier Serie vu Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch befaasst. Hei geet et bei en Interview mam Christiane Kremer vu Kremart iwwer TIMBA: Christiane Kremer: “Bicher, déi frou maachen” An hei geet et bei d’Rezensioun vum TIMBA Nummer 1, “D’Wolleken iwwer Hawaii” vum Jérôme Netgen: “Pointéierten, ...

Weider liesen
-

Samschdeg, 4. August: D’Maryse Krier liest zu Beefort

Den “Beaufort Festival” dauert vum 4. bis de 15. August: An direkt um Samschdeg sti Liesungen um Programm, Liesunge mat Musek an dat vu 15 bis 17.15 Auer. Fir d’éischt d’Michèle Thoma mam Lex Gillen an duerno d’Maryse Krier mam Lex Gillen a Men Maas. D’Maryse Krier liest aus “Allen Ernstes“.   Rendez-vous am Schlassgaart am ...

Weider liesen
-

Nomen est omen …

… oder: Le nom oblige! Natierlech gëtt et och e richtegen TIMBA-Timber 🙂 Infoen iwwer déi éischt 5 TIMBA-Bicher gëtt et hei!

Weider liesen
-

“D’Linn Lynn” by Cycle 3.1 (2017-2018) vu Lëntgen

Dëse Projet huet eis Häerzer méi héich schloe gedoen: Mat immenser Freed hunn d’Auteure Luc Marteling an Tom Schartz an de ganze Verlag Kremart gesinn, wat de Cycle 3.1 aus dem Schouljoer 2017-2018 vum Fondamental zu Lëntgen aus dem Buch oder an dësem Fall méi richteg: aus der Buchvirlag “D’Linn Lynn” gemaach huet. “Alles ass voller Linnen” – ënnert ...

Weider liesen
-

A wéi SMART ass dat dann?!?

Beim ALINEA stoungen all eis SMART-Bicher an der Vitrinn … awer net der Rei no, ma de Faarwen no geuerdnet – och eng flott Iddi … vläit fir eng nei Serie?

Weider liesen