“Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti gouf en Dënschdeg 5.11.2109 offiziell am Café Gudde Wëllen an der Stad virgestallt. Op der Buchmesse gouf dem Romain Butti säi literareschen Debut presentéiert an diskutéiert. Elo war et héich Zäit, dat och zu Lëtzebuerg ze maachen. Nom Theaterstéck “Fir wann ech net méi kann”, mat deem hien den nationale Literatur-Concours 2018 gewonnen ...
Weider liesenNews
9. November: Kannerliesung an der Ettelbrécker Bibliothéik
D’Prinzessin, den Elmar an e Fräsch, deen danzt! Dat ass den Titel vun der Kannerliesung, de Samschdeg, 9. November um 15 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik. D’Christiane Kremer liest vir, den Entrée ass fräi. Adress: Bibliotheik Ettelbréck, 9, Place de la Libération, L-9060 Ettelbruck, Tel. 26 81 15 32.
Weider liesenDeen neien “Alain Atten” ass do
Den 22. Oktober 2019 war et esou wäit: Zu Biekerech “An der Millen” gouf déi nei Novell vum Alain Atten virgestallt. “Déi Säit dem Scheet” heescht d’Geschicht vum Sproochmates, déi am 17. Joerhonnert an am Norde vu Lëtzebuerg spillt, ënnert anerem. Dofir gouf si och an e sëllege lokale Mondaarte geschriwwen. “Déi Säit dem Scheet” ass e literareschen ...
Weider liesenKremart @ Salon TOPKIDS an der Luxexpo
Dir interesséiert Iech fir Bicher fir kleng Kanner a Kanner? Da besicht eis de Weekend vum 25. a 26. Oktober am Salon TOPKIDS An TOPBABY an der Luxexpo. Samschdes a sonndes vun 10 bis 18 Auer. Mir erwaarden Iech am “Corner créatif” um Stand A!
Weider liesenAndré Letria @ Ettelbréck
De portugiseschen Illustrateur André Letria ass den Ament zu Lëtzebuerg, fir säi super flott “Buch iwwer Bicher” virzestellen, dat d’Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat Kremart erausbruecht huet: Wann ech e Buch wier Hei geet et bei en Artikel vum portugisesche Wort respektiv Radio ...
Weider liesen10. November: Lies-Matinée fir Kanner zu Réimech
E Sonndeg, den 10. November moies vun 10 Auer bis ongeféier 11.30 Auer liest de Luc Marteling zu Réimech am Visiteurszenter. Um Programm: D’Linn Lynn, de Kuakerino an den Elmar … Um 10 Auer geet et lass mat enger éischter Liesung, no enger klenger Paus mat mini Mëtschen a Schocki geet et da weider. D’Liesung ass op Lëtzebuergesch. Präis: 5 € pro Kand Eltereneck: Och fir déi Grouss ...
Weider liesen“Poli & Maisy” am “natur musée”
De Samschdeg, 12. Oktober liest d’Christiane Kremer am “natur musée” an dat direkt zweemol: Vun 18h00 bis 18h30 a vun 19h30 bis 20h00 kommen “De Poli an d’Maisy” zu Éieren. An där Geschicht geet et ëm déi aussergewéinlech Frëndschaft tëscht engem Villchen an enger Flantermaus. D’Liesunge fir Kanner sinn am Kader vun der Nuit des Musées. Méi Infoen ...
Weider liesenLëtzebuerger Buchpräis 2019: D’Shortlist ass do!
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, dëst Joer de 16. a 17. November, gëtt ëmmer de Lëtzebuerger Buchpräis verginn. Dëst Joer an 3 Kategorien, bei de Kannerbicher ass Kremart mat “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer a Vincent Biwer derbäi. Hei déi komplett Lëscht, wéi d’Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren se matgedeelt huet: Livre jeunesse: Hoscheit ...
Weider liesenPappendag um Mamerhaff: Liesung vum Christiane Kremer
De Sonndge, 6. Oktober vun 11 bis 18 Auer ass e Fest um Mamerhaff: “Feiert mat eis Pappendag an d’Aweiung vun der Spillplaz” heescht et dann. Programm: 11h00: D’Fest geet un. 11h00: Liesung fir Kanner mam Christiane Kremer mat Kreativatelier. Sot w.e.g. mat engem klenge Mail op info@mamerhaff.lu Bescheed, wann Dir un der Liesung wëllt deelhuelen. 14h00: Aweiung vun der ...
Weider liesenLokale Maart an de Rotonden: Kremart ass prett, nei Bicher am Gepäck!
De Weekend vum 28. an 29. September si mir mat enger Auswiel vun eise Bicher um lokale Maart an de Rotonden tëscht der Stater Gare an dem Bouneweger Quartier. Vu moies 10 bis owes 6, den Entrée ass gratis! Nei ze entdecke gëtt et bei eis ënnert anerem “Wann ech e Buch wier”, “Dee klenge wäisse Fësch lauschtert Waassermusek”, “Vill Gléck fir däi Gebuertsdag, ...
Weider liesen