News

-

“Trakl Blues” zu Salzburg

Fir de Band Nummer 4 an eiser prestigiéiser Serie Kremart Kanephora housch et: “Auf nach Salzburg!” E Méindeg, den 30. Oktober 2017 gouf eist neit Kanephora-Buch “Trakl Blues” vum Jean Back zu Salzburg virgestallt an zwar präzis an der “Georg Trakl Forschungs- und Gedenkstätte”. Datt mer d’Presentatioun zu Salzburg gemaach hunn, huet eng ganz ...

Weider liesen
-

Mir sinn um Salon TOP KIDS & TOP BABY!

De Samschdeg, 4. a Sonndeg 5. November verwandelt sech d’Luxexpo THE BOX an en Eldorado fir Kanner, Bëbeeën … an Elteren! Vun 10 bis 18 Auer gëtt et alles, wat Kanner wëllen an Eltere brauchen. KREMART EDITION ass och do, am Coin des créateurs: Wann Dir also Loscht hutt, eis Nouveautéite kennen ze léieren (oder ze kafen), da kommt laanscht … et gëtt vill ze kucken, mir hu ...

Weider liesen
-

Buchpräis: “D’Linn Lynn” op der “Shortlist”

E Mëttwoch den Owend gouf d’Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 presentéiert: An 3 Kategorië goufe jeeweils 5 Bicher zeréckbehalen – an der Kategorie “Kanner- a Jugendbuch” och e Buch, dat bei Kremart Edition erauskomm ass: “D’Linn Lynn” vum Luc Marteling an Tom Schartz. Datt déi minimalistesch Geschicht, déi opulent an Zeen gesat gouf, et op ...

Weider liesen
-

Nuit des musées: Coup de coeur am MNHA

Gudden Owend! Kalispera! Dir fannt hei eng kleng Interventioun vum Luc Marteling, déi hien am Kader vun der Nuit des musées 2017 am Nationalmusée MNHA um Fëschmaart, an der neier Sektioun vun der “Archäologie urbaine”, gemaach huet. Den Auteur, dee bei Kremart Edition matschafft, huet do a senger Funktioun als Chefredakter vun RTL.lu geschwat an een Exponat aus der Kollektioun als ...

Weider liesen
-

Smart-Liesung zu Ettelbréck

No der iwweraus gelongener kulinarescher Liesung zu Waasserbëlleg am Centre culturel, organiséiert vun der Musel-sauer Mediathéik, freeë mir eis op e weideren Highlight: Den Donneschdeg, 19. Oktober ëm 19.30 Auer gëtt et SMART an der Ettelbrécker Bibliothéik (9, Place de la Libération zu Ettelbréck). Da liesen nämlech direkt 5 Smart-Auteuren aus hire klenge Wierker! Et trieden op: Jemp ...

Weider liesen
-

Eng Smart-Box fir Är Smart-Bicher

– Wat ass besser wéi 20 Smart-Bicher? – 20 Smart-Bicher an enger Kassett! Et gëtt se am Wäissen an am Schwaarzen … an de Librairien oder bei Kremart Edition – einfach no der Box, der Boîte, dem Schuber oder der Kassett froen. Eng komplett Kassett kascht iwwregens 20 x 2,99 = 59,80 Euro. Well d’Bicher nach esou frësch sinn, kënnen an dierfe mer dorop keng Remise ...

Weider liesen
-

Bestseller? Respekt!

Och déi 3 lescht Smart-Bicher schénge gutt unzekomme bei de Lieser! Zanter hirer Parutioun am Juni hu si eng fest Plaz op der Bestsellerlëscht, déi all Mount erauskënnt: Smart 18, Smart 19, Smart 20 sinn elo schonn dee véierte Mount hannerenee dorop vertrueden – Juni, Juli, August, September! Hei – als Beweis – d’Bestsellerlëscht vum Mount ...

Weider liesen
-

Nei, nei, nei, nei, nei, nei!

1 –  2 –  3 – 4 – 5 – 6 – NEI Kannerbicher!!!! 6 witzeg a lëschteg Kannerbicher fir déi ganz Kleng, fir déi e bëssi méi Grouss, fir déi, déi gär molen a fir d’Frënn vum Elmar a vun der klenger Prinzessin … Dir fannt se dëse Weekend (30.9/01.10.2017) bei eis um Stand an de Rotonden um “Lokale Maart” an an de ...

Weider liesen
-

Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren: Cours am LLJ

Vun der Rentrée u gëtt et en Orthographie-Cours am Lënster Lycée, ëmmer donneschdes owes vun 19 bis 21 Auer. De Cours gëtt gehale vum Luc Marteling. Zéng Owenter si virgesinn, also 20 Stonnen am Ganzen. D’Zil ass, duerno Lëtzebuergesch richteg schreiwen ze kënnen. A fir datt keng Hausaufgaben néideg sinn, ginn am Cours vill Exercicer gemaach … Hei d’Datumer: 1) Donneschdeg, ...

Weider liesen
-

3 X SMART: Bëlleg. Ettelbréck. Walfer.

Am Juni gouf d’Smart-Serie mat de Bichelcher Nummer 18, 19 an 20 ofgeschloss, dofir ginn d’Auteuren elo am Hierscht nach eemol esou richteg op den Tour. Wann Iech déi butzeg Bicher gefall hunn an Dir Loscht hutt, eemol op engem smarte Smart-Owend derbäi ze sinn, dann hei 3 Rendez-vouse fir virzemierken: Ëmmer en aneren Auteur, ëmmer eng aner Faarf, ëmmer eng aner Story, awer ëmmer ...

Weider liesen