News

-

3 Mol Nummer 1 op der Juni-Bestsellerlëscht: Merci!!!

Léif Leit, net schlecht gestaunt hu mer, wéi mer d’Bestsellerlëscht vum Mount Juni gesinn hunn! 3 Kremart-Bicher op enger éischter Plaz an net manner ewéi 7 Bicher op de Lëschten – MERCI!!! Besonnesch gefreet huet eis natierlech, datt déi 3 lescht Bicher aus der Serie “Smart Kremart” et direkt no hirer Publikatioun op déi begierte Lëscht gepackt hunn 🙂 .. mir hoffen, ...

Weider liesen
-

“Die verflixte Nummer 6”

D’Serie “Smart Kremart” ass jo antëscht komplett, déi 20 Bänn sinn do! Wann ee se niefteneen hält oder stellt, lénks Nummer 1 a riets Nummer 20, dann entsteet duerch déi eenzel Ausschnëtter um Réck vun de Bicher e Blat, dat e bëssen un Efeu erënnert an esou ausgesäit wéi en Häerz – et ass en ALDUSBLAT! Leider gouf et beim Buch Nummer 6, ...

Weider liesen
-

16 vun 20

Fir den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart by Kremart Edition” waren net manner ewéi 16 vun den 20 Smart-Auteuren op Miersch an de Centre national de Littérature komm. MERCI! D’Smart-Serie, dat si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Bis op d’Auteure vun de Bänn 2, 12, 14 a 17 konnte se all kommen – a se hu sech esouguer der Rei no opgestallt, also vu riets no ...

Weider liesen
-

MERCI allen Ënnerstëtzer vun der Smart-Serie

Ëmmer un eis gegleeft huet den Nationale Kulturfong! All Buch oder all Jet vu Bicher, ob 2, 3 oder 4, huet de Focuna subventionéiert. Dat huet eis Sécherheet ginn a mir hunn doran eng Unerkennung gesinn an doraus Motivatioun gezaapt. Ma och privat Sponsoren hunn eis ënnerstëtzt – Drees & Sommer, Luxport, Ost manufaktur, SkyCom, Cogeco, Mim Feitler Immobilière, VANB Home Interior, Coviva, ...

Weider liesen
-

Kommt op Esch fir “Brèves [re]trouvailles”

De Verlag Kremart Edition ass frou, Iech op eng ëffentlech Buchpresentatioun z’invitéieren: “Brèves [re]trouvailles” de Samschdeg, 17. Juni um 15 Auer zu Esch an der Kulturfabrik Am Kader vum lokale Maart “Lët’z Go Local” zu Esch an der Kulturfabrik stelle mir dat neit Buch vum Laurence Klopp vir. Um 15 Auer sinn d’Autorin an d’Illustratorin ...

Weider liesen
-

Kremart goes CNL: 3 x Smart + André Mergenthaler

En Dënschdeg, 20. Juni um 19.30 ass et esou wäit: Am “Centre national de Littérature” zu Miersch ginn dann déi 3 lescht Smart-Bicher virgestallt! Kommt laanscht, den Entrée ass gratis, jidderee kritt e Souvenir an et gëtt och net just gelies, well um Cello spillt den André Mergenthaler! Den Ofschloss vun der Serie “Smart Kremart” maachen: SMART 18: “Fuck” ...

Weider liesen
-

Si dierfe sech iwwer gratis Elmar-Bicher freeën :-)

Okay, d’Zäit war e bëssi kuerz an et war jo och nach de Kaddo fir Mammendag ze preparéieren … trotzdem hunn e puer Klasse beim Concours fir den Elmar-Dag matgemaach an en Elmar gebastelt. 4 dierfe sech elo iwwer gratis Elmar-Bicher fir déi ganz Klass freeën 🙂 D’Gewënner komme vun Iechternach, Waldbëlleg, Wooltz an Housen: De Cycle 1 Team 1 vun der “Millermoaler Schull ...

Weider liesen
-

Elmar-Dag: Vill Elmar-Frënn zu Lënster :-)

An der Lënster Bibliothéik war et de leschte Samschdeg e bëssen enk: Do war nämlech en Elefant op Besuch an deen hat direkt e sëlleche Frënn matbruecht! Mat enger Liesung gouf am Kulturzenter “Am Duerf” den Elmar-Dag gefeiert, deen éischten, deen offiziell am Grand-Duché ofgehale gouf! Eng 50 Kanner ware komm, fir Geschichte vum David McKee sengem faarweg karéierten Elefant ...

Weider liesen
-

Kremart goes KuKi @ Kielen

Kommt besicht eis! Kremart Edition ass dëse Sonndeg, 21. Mee zu Kielen um KuKi, also um Konscht- a Kulturfestival Kielen. Wéini? Vun 11 bis 19 Auer Wou? Galerie bei der Kierch Musekssall Brennereimusée an de Strosse ronderëm d’Broutgaass an d’Häregaass Offiziell Ouverture? 11 Auer Programm? Fun Brass Band Stelzentheater Circolo Das Universal Druckluft ...

Weider liesen