News

-

All Guddes a vill flott Bicher fir 2020!

Kremart wënscht … den Titel vum Timba-Buch Nummer 4: “Vill Gléck am neie Joer”, vum Sophie Gitzinger, och wann d’Buch vill méi eng intensiv Rees ass, wéi een et op den éischte Bléck menge géif … Freet Iech fir 2020 net nëmmen op nei Kannerbicher, ma och op nei Wierker an eise Serie KANEPHORA an TIMBA, dat nodeems mir ewell Enn 2019 richteg vill Nouveautéiten ...

Weider liesen
-

Fir ze spillen, fir ze lauschteren, fir ze pechen!

Eis schéinste Bicher fir d’Feierdeeg … … mat enger Spillsaach: – Eng Strooss, déi lieft: E Buch voller Klappen, dat sech an eng riseg Strooss verwandelt an all Kannerzëmmer dekoréiert. – D’Buch mam Zuch: E Buch mat enger Lokomotiv a 4 Bunnen, déi zesummen eng Landschaft vun 1m60 bilden. … mat Musek: – Potti-Musek: Zimmlech witzeg, zimmlech ...

Weider liesen
-

15. Dezember: Liesmatinée zu Stengefort

“Wa Flacke falen an Elefanten am Schnéi spillen” – Geschichten net nëmme fir de Wanter mam Christiane Kremer. Liesung fir Kanner de Sonndeg, 15. Dezember an der Maison Relais zu Stengefort vun 10 bis 12 Auer.  Als Stäerkung gëtt et eng Mëtsch an e Schocki oder Jus oder Waasser a fir déi Erwuessen e Kaffi (alles Fairtrade). Umeldunge bis den 11. Dezember mat Mail u ...

Weider liesen
-

An der Muselzeidung an an der Sauerzeidung

Fir e puer vun eise Bicher maache mir aktuell Reklamm an der Muselzeidung an an der Sauerzeidung, déi am ganzen Oste vum Land, awer och an Deeler vum Zentrum a souguer Norde verdeelt gëtt – vun der presss sàrl vu Maacher. Eise ganze Katalog 2020 fannt Dir hei!

Weider liesen
-

Kremart-Katalog 2020

Iwwer déi aktuell Bicher vu Kremart Editioun – zesumme mat Vivi Kremart, Smart Kremart, Kremart TIMBA, Bucktugou a Kremart Kanephora – informéiert eisen neie Katalog! Mat schonn engem klengen Ausbléck op déi nächst Publikatiounen … Freet Iech drop! Hei kënnt Dir de Kremart-Katalog 2020 eroflueden: Kremart_Katalog_Nov_2019_SCREEN

Weider liesen
-

21. November: Smart an Timba zu Bartreng

Den Donneschdeg, 21. November um 19.30 Auer gëtt et an der Maison Schwauwenburg zu Bartreng direkt Extraiten aus 5 Kuerzgeschichte vun de Kremart-Serien TIMBA A SMART. Christiane Kremer: De Wierdermoler (Smart 1) Marc Wilwert: De groe Star (Timba 1) Jérôme Nettgen: D’Wolleken iwwer Hawaii (Timba 2) Luc Marteling: Den nationale Wollef (Timba 5) Josiane Kartheiser: Dem Jemp seng Uerdnung ...

Weider liesen
-

20. November am CNL: Samuel Hamen, Marc Angel a Romain Butti

Rendez-vous um 19.30 Auer fir de Liesowend “Junges Leben”. Den 20. November stellen de Samuel Hamen an de Marc Angel hirt neit Buch "Zeechen. Erzielungen a grafesch Geschichten" bei eis am @CNL_Lux vir, sou wéi och de Romain Butti, den iwwert säin neit Buch "Ein Jahr in Berlin" schwätzt https://t.co/gL8foa4KER#LëtzebuergerLiteratur — Lëtz.Literaturarchiv ...

Weider liesen
-

De Buchpräis fir de LOBO!

Kremart freet sech iwwer de Buchpräis 2019 an der Kategorie Kannerbuch fir: “So mol, Lobo!” vum Christiane Kremer a Vincent Biwer. Felicitatioun! Weider Infoen iwwer d’Buch gëtt et hei. Fotoe vum Jean-Marie a Geneviève Biwer Weider Informatiounen iwwer dat priméiert Buch gëtt et hei.

Weider liesen
-

Kremart Edition @ Walfer Bicherdeeg

Mir feieren d’Buch – heescht et dëse Weekend zu Walfer. A Kremart feiert mat! De Samschdeg, 16. a Sonndeg, 17. November si mir op de Walfer Bicherdeeg, wéi gewinnt an der Hal 2. Kommt laanscht a kuckt, wat mir alles Neies hunn – et ass jett 🙂 Hei geet et bei de komplette Programm vun de Bicherdeeg, déi 2019 hire 25. Gebuertsdag feieren!   Kremart huet och zwou ...

Weider liesen
-

Déi 8 Kanephora-Bicher am Iwwerbléck

“Kremart Kanephora – Déi nei Bibliothéik vu Kremart Edition” ass méi grouss ginn: Am Hierscht 2019 goufen d’Bicher “Ein Jahr in Berlin” vum Romain Butti an “Déi Säit dem Scheet” vum Alain Atten virgestallt. Domat huet eis Premium-Rei elo well 8 Bicher vu 6 Auteuren an 3 Sproochen … op d’mannst! D’Bicher sinn op Lëtzebuergesch, ...

Weider liesen